Infoen & Tools / FAQ / Ech hunn de Service Home-Assistance gewielt. Ech komme spéit owes heem a mierken, datt d'Heizung futti ass. Wat kann ech maachen?

Ech hunn de Service Home-Assistance gewielt. Ech komme spéit owes heem a mierken, datt d'Heizung futti ass. Wat kann ech maachen?

Bei engem Noutfall oder enger Pann kënnt Dir op d'Nummer uruffen, déi op der Assistance-Kaart steet, déi Dir zesumme mat Ärem Kontrakt krut. Äre Gespréichspartner freet Iech no der Nummer vum Kontrakt an ënnerhëlt déi néideg Schrëtt, fir esou séier ewéi méiglech professionell Hëllef op d'Plaz ze schécken. D'Garantie Home Assistance ass en eenzegaartegen Assistance-Service, dee ronderëm d'Auer, 7 Deeg op 7, fir Iech do ass.