Infoen & Tools / FAQ / Meng Autosassurance gesäit eng Chauffer-Garantie vir. Ass dat néideg?

Meng Autosassurance gesäit eng Chauffer-Garantie vir. Ass dat néideg?

D'Chauffer-Garantie ass an all individuellem Sécherheetsplang en onverzichtbaart Element, well:

  • de Chauffer entschiedegt gëtt, wéi wann eng Drëttpersoun (d. h. en anere Chauffer) komplett fir den Accident verantwortlech wier;
  • dës Garantien iwwer déi vun der Onfallversécherung, bei där de Versécherten d'Garantië selwer bestëmme kann, erausginn;
  • d'Chauffer-Garantie den tatsächleche Schued ersetzt, wéi eng temporär oder permanent Aarbechtsonfäegkeet, de wirtschaftleche Schued duerch eng temporär oder permanent Aarbechtsonfäegkeet oder deen der Famill opgrond vum Doud vum Chauffer entsteet;
  • si opgrond vun deenen héije Versécherungszommen eng komplett Entschiedegung och a schwéiere Fäll erméiglecht;
  • si d’office déi indirekt Käschte vun engem schroen Accident ëmfaasst, besonnesch d'Käschte fir Protheesen, d'Begriefneskäschten asw.