Äert not Ëmfeld schützen a gläichzäiteg vu steierleche Virdeeler profitéieren? easyLIFE Mixte kombinéiert Sécherheet a Spueren
easyLIFE Mixte
Privatclienten / Assurancen / Liewen / easyLIFE Mixte

easyLIFE Mixte

Dir wëllt Äert not Ëmfeld am Stierffall ofsécheren a gläichzäiteg e personaliséierte Spuerplang opstellen? Mat easyLIFE Mixte ass béides mat engem Coup méiglech!
Am Stierffall ass de Liewensstandard vun Äre Léifste mat deem Kapital ofgeséchert, dat Dir hinne garantéiere wëllt.
Wann Dir um Enn vum Kontrakt lieft, kënnt Dir fräi iwwer Är Erspuernesser verfügen, ouni Steieren ze bezuelen.

Virdeeler

Fräie Choix vum Spuerbetrag

Mat easyLIFE Mixte kënnt Dir selwer festleeën, wéi e Betrag Dir spuere wëllt. Dir kënnt och bestëmmen, a wéi engen Ofstänn Dir d'Primmen am léifste bezuele wëllt: egal ob Dir Är Primmen op d'Joer, d'Semester, d'Trimester oder op de Mount bezuele wëllt - Dir decidéiert.

Plange vun der Successioun

Dir bestëmmt fräi, wien de Betrag vun Ärer easyLIFE Prévoyance-Assurance kritt. Dir hutt och d'Méiglechkeet, d'Beneficiairë vun Ärem Kontrakt esou dacks, wéi Dir wëllt, ouni Käschten ze änneren.
Am Stierffall hunn d'Beneficiairen, déi Dir definéiert hutt, direkt Zougang zu der Zomm, déi Dir festgeluecht hutt, a mussen net waarden, bis d'Successioun ofgewéckelt ass.

Steierlech Ofsetzbarkeet a Fräistellung

Dir kënnt Är Primme vun de Steieren ofsetzen (nom Artikel 111 vum Akommessteiergesetz L.I.R.), wann Äre Kontrakt op d'mannst iwwer 10 Joer leeft.
Ofhängeg vun Ärem Akommes spuert Dir esou bis zu 45 % Steieren.
Am Stierffall bezuelen Är Beneficiairen an direkter Linn keng Steieren op de Betrag, deen Dir fir si virgesinn hutt. Och dat ugespuerte Kapital ass steierfräi.

Eng sécher Investitioun

easyLIFE Mixte bitt e garantéiert Spuerkapital, souwéi e Mindestzënssaz fir Är Erspuernesser, dee vun der Versécherungsopsiicht, dem Commissariat aux Assurances, festgeluecht gëtt. Ab dem 3. Joer gëtt all Joer en zousätzleche Gewënnbedeelegungssaz festgeluecht, dee sech no de Resultater vun der Entreprise an der Entwécklung vun den Zënssätz op de Finanzmäert riicht. 

Méiglech Optiounen

Optioun Accident

Am Fall vum Doud duerch en Accident kann dat verséchert Kapital maximal ëm dat Véierfacht erhéicht ginn. A wann et sech ëm e Verkéiersaccident handelt, da kann de festgeluechte Betrag bis zu 7 Mol erhéicht ginn.

Optioun vollstänneg Invaliditéit

Dës Optioun erméiglecht et, op d'mannst d'Bezuele vun de Primmen auszesetzen an d'Garantie fir d'Ausbezuele vum festgeluechte Betrag am Stierffall trotzdeem oprecht ze erhalen. Am Fall vun enger vollstänneger kierperlecher Invaliditéit gëtt de Montant, dee fir de Stierffall virgesi war, direkt ausbezuelt.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyLIFE Mixte

Eng klassesch Mixte Liewensversécherung mat garantéiertem Zënssaz a Gewënnbedeelegung

Méi dozou...

Een oder zwee Assuréen, Dir entscheet

Wann Dir an enger Koppel lieft, kann et sënnvoll sinn, eng Assurance fir zwou Persounen („sur deux têtes“) ofzeschléissen. Dat bedeit, datt den am Stierffall geplangte Betrag un de Beneficiaire ausbezuelt gëtt, soubal ee vun den zwee Assuréë stierft.

De Remboursement vun engem Prêt garantéieren

Gemëscht Assurancë kënnen en exzellent Mëttel sinn, fir e Prêt ofzesécheren. Wann de Prêt fir de Kaf vun Ärem Haaptwunnsëtz benotzt gëtt, ass allerdéngs eng Reschtscholdversécherung déi besser Léisung.
 

Entdeckt d'Reschtscholdversécherung

Ideal fir jonk Leit!

Wat Dir Är easyLIFE Mixte-Assurance éischter ofschléisst, wat Dir vu méi engem gënschtegen Tarif profitéiere kënnt!

Wann Dir zu engem spéideren Zäitpunkt e gréissere Betrag léine wéilt, zum Beispill fir Är Wunneng ze kafen, da kann duerch Är easyLIFE Mixte de Betrag, fir dëse Prêt ofzesécheren, däitlech reduzéiert ginn.

En ideale Spuerplang, deen Äre Stierffall ofséchert an Iech et gläichzäiteg méi einfach mécht, Är zukünfteg Projeten ëmzesetzen!