Méi laang Fraschtperiode sinn eng reegelrecht Erausfuerderung fir d’Hausbewunner. Wann d’Temperaturen e puer Deeg hannerteneen ënner Null sinn, da kann d’Waasser, dat an de Réier steet, fréieren, d’Leitunge baschten dinn an heiansdo héije Schued verursaachen.
Besonnesch héich ass dës Gefor a Beräicher, déi wéineg oder guer net gehëtzt sinn, wéi Kelleren, Gäschtezëmmeren, Garagen oder Gaardenhaisercher. Och Krinn am Bausseberäich zielen zu de sensibele Punkten. Wann de Stroum ausfält, ass d’Gefor nach méi héich: Ouni Heizung oder Waasserzirkulatioun ginn d’Installatioune séier ufälleg.
D’Schied gesäit een dacks eréischt beim Entdeeën, an dann ass et schonn ze spéit. Mat deene richtege Reflexer kann een awer d’Geforen däitlech reduzéieren.
Preventiv Moossnamen
- 1. D’Bausseréier eidel maachen: Leitungen an ongehëtzte Raim, déi laanscht Baussemauere verlafen, oder Réier am Gaart musse virum Wanter ganz eidel an dann zougemaach ginn. D’Waasser muss vollstänneg evakuéiert ginn.
- 2. Rouerleitungen isoléieren: Leitungen, déi fräileien, kënnen effikass mat gëeegentem Isoléiermaterial geschützt ginn, besonnesch a Kelleren, Garagen oder Gaardenhaisercher. Opgepasst: D’Isolatioun eleng geet net duer, wann nach Waasser an de Leitunge steet.
- 3. Fir ofgedichte Wunnraum suergen: Schlecht isoléiert Dieren, Fënsteren oder Kellerlucke mussen ofgedicht ginn, fir ze verhënneren, datt kal Loft ronderëm d’Leitungen andréngt.
- 4. Den Haaptkrunn lokaliséieren: All Bewunner sollt wëssen, wou den Haaptwaasserkrunn ass, fir datt d’Waasser am Noutfall séier ofgespaart ka ginn.
Moossnamen am Fall vu Frascht
- 5. D’Heizung lafe loossen: Och Raim, déi wéineg benotzt ginn, musse konstant gehëtzt ginn. D’Temperature sollen op kee Fall ënner 0 °C falen.
- 6. Sech net op d’„Schnéiflack“ verloossen: D’Fraschtschutzpositioun um Heizkierper schützt haaptsächlech d’Gerät selwer, awer net onbedéngt all d’Leitungen. Et gëtt geroden, den Thermostat vun den Heizkierperen op eng Mëttelpositioun ze stellen.
- 7. D’Kellerfënsteren zou loossen: Wärend de Fraschtperiode mussen d’Fënsteren an de Kelleren oder net gehëtzten Niewegebaier zou bleiwen, fir ze verhënneren, datt kal Loft erakënnt.
- 8. Onbewunnte Wunnraum am A behalen: Wann ee méi laang fort ass, soll d’Heizung net ofgestallt ginn. Et gëtt och staark recommandéiert, datt reegelméisseg eng Persoun, déi engem nosteet, oder e Gestionnaire kucke geet, ob alles an der Rei ass.
Am Fall vun enger Gefor oder engem Schued
- 9. Ni oppe Flamen asetzen: Gefruere Waasserleitungen dierfen op kee Fall mat enger Flam oder Apparater, déi staark Hëtzt produzéieren, entdeet ginn. Hei besteet eng héich Brandgefor. Went Iech heifir un e Fachmann.
- 10. Mellt de Schued esou séier ewéi méiglech: Wann e Rouer geplatzt ass, da stellt direkt d’Waasser an och de Stroum, wann néideg, of, maacht Fotoe vun de Schied a kontaktéiert direkt Äre LALUX-Agent.
Wéi ass et mam Versécherungsschutz bei Fraschtschied?
Trotz alle Virsiichtsmoossnamen an engem reegelméissegen Entretien vun Ären Installatioune kënnen d’Réier awer duerch de Frascht baschten a Waasserschied verursaachen. Mat easyPROTECT Haus a Wunneng si Schied, déi duerch d’Waasser um Gebai (Maueren, Biedem, Plaffongen) entstinn, an och Är beweeglech Gidder (Miwwelen, Beläg a Verkleedungen, elektresch Apparater) ofgeséchert.
Gutt ze wëssen: De Versécherungsschutz gëllt, souwäit Dir Äert Doheem op eng räsonabel Manéier an der Rei gehalen hutt. Wann Är Heizung zum Beispill ausfält, wärend Dir an der Vakanz sidd, an dat dozou féiert, datt d’Réier fréieren, sidd Dir verséchert. D’Garantie gräift awer net bei offensichtlecher Noléissegkeet, zum Beispill wann onbewunnte Wunnraum am Wanter iwwer e längeren Zäitraum ouni gëeegent Schutzmoossnamen ongehëtzt gelooss gëtt.
Bei Appartementer hänkt den Ënnerscheed vum Statut of. De Proprietär verséchert d’Gebai, wärend de Locataire seng Miwwelen a seng Haftflicht als Locataire verséchert. Sou këmmert sech d’Assurance vum Proprietär an der Reegel ëm Schied um Gebai, wärend d’Schied un de perséinleche Géigestänn vun der Assurance vum Locataire iwwerholl ginn.
Personaliséiert Begleedung
Hutt Dir Froen iwwer Äre Kontrakt oder wëllt Dir iwwerpréiwen, ob Är Wunneng richteg géint Fraschtschied verséchert ass? Dann zéckt net a kontaktéiert Äre LALUX-Agent, hie beréit Iech gär!
easyPROTECT Haus a Wunneng
Entdecken
