Familjen verëffentlecht den 02.02.2023

Gesondheet, Studium, Sécherheet: Entdeckt d’LALUX-Assurancë fir Kanner am Video

Blog/Gesondheet, Studium, Sécherheet: Entdeckt d’LALUX-Assurancë fir Kanner am Video

Séchert d’Zukunft an d’Gesondheet vun Äre Kanner mat LALUX of: Studium, Gesondheetsleeschtungen, Haftflicht, Virsuerg a Versécherungsschutz am Ausland. Ëmfaassend Léisungen, scho vun haut un.

  • Versécherungsoptioune fir kleng Kanner

    Entdecken

    De Schutz vun Ärem Kand kann net waarden!

    Méi dozou

     

    D'Susana Soares, LALUX an DKV-Agentin, mécht mat Iech den Tour vun de wichtegste Versécherungen, dass Är Kanner beschtens geschützt sinn. 
     

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXOfficeTalk Assurance fir Kanner

    All d'Infos an engem Video

    Dir wëllt dee beschte Schutz fir Är Kanner egal wat geschitt? LALUX bitt eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten, déi Äre Besoinen entspriechen.  D'Liewensversécherunge vu LALUX verbanne Viraussiicht mat Sécherheet, fir d'Zukunft vun Äre Kanner ënner allen Ëmstänne ze sécheren. 

    Mat lalux-Education a lalux-Study Cover kréien Är Kanner eng Finanzsprëtz fir hir Studien ze maachen oder am Berufsliewen ze starten. 

    Mat easyLIFE Prévoyance séchert Dir de Liewensstandard am Fall vum Doud vun engem Elterendeel.

    Fir d'Gesondheet vun Äre Kanner ze schützen, bitt EASY HEALTH vun DKV Luxembourg by LALUX, Zougang zur beschter medizinescher Versuergung, och da wann d'CNS d'Käschte vun de Behandlungen net iwwerhëllt. A wann Är Butzen awer emol an d'Spidol mussen, gi bei Kanner bis 12 Joer och d'Käschte vum Openthalt vun engem Elterendeel iwwerholl. 

    Fir eventuell Dommheete vun de Kanner ofzedecken, kënnt d'Familljenhaftflicht an d'Spill. Si gräift bei Material- a Kierperschied, déi Är Kanner anere Leit ongewollt verursaachen. 

    Wëllt Dir Är Famill am Fall vun engem Accident schützen?
    easyPROTECT Unfall deckt déi finanziell Belaaschtung an Engpäss of, déi doraus entstinn.

    Zum Schluss bleift nach ze soen, dass LALUX Är Kanner wärend hirem Studium am Ausland begleet. 
    easyPROTECT Discover schützt si a ganz Europa, besonnesch fir hir privat Haftflichtversécherung, de Schutz vun hirer Wunneng oder och hir Computerausrüstung

    Wëllt Dir Ënnerstëtzung beim Choix vun de richtege Versécherunge fir Äert Kand? Da kontaktéiert LALUX. Mir beroden Iech gär.

    Versécherungsoptioune fir kleng Kanner

    Entdecken

    De Schutz vun Ärem Kand kann net waarden!

    Méi dozou