Liewensversécherungen,Investéieren verëffentlecht den 25.04.2025
Guide fir Liewensversécherungen: déi verschidden Typpe vun Investissementer verstoen
Blog/Guide fir Liewensversécherungen: déi verschidden Typpe vun Investissementer verstoen

Eng Liewensversécherung ass en onëmgänglecht Placement, fir ze spueren, seng Pensioun virzebereeden oder Kapital ze iwwerdroen. Nieft dëse klasseschen Zwecker ass d’Liewensversécherung awer och attraktiv wéinst hirer grousser Investissementsflexibilitéit, mat där ee seng Erspuernesser op verschidde Verméigenswäerter opdeele kann, woubäi d’Versécherung un Äre Risikoprofil ugepasst gëtt. E weideren entscheedende Virdeel weist sech bei der Transmissioun: Dir decidéiert fräi, wien de Betrag vun Ärer Assurance ausbezuelt kritt. Dir hutt d’Méiglechkeet, d’Beneficiairë vun Ärem Kontrakt gratis ze änneren, an zwar esou dacks ewéi Dir wëllt. A wa se zu Lëtzebuerg ofgeschloss gouf, profitéiert d’Liewensversécherung vun engem eenzegaartege Protektiounskader, deen d’Sécherheet vun Ärem Verméige verstäerkt, wann den Assureur ausfale sollt. Elo ginn et awer esou vill verschidden Optiounen – garantéiert Kapital, Rechnungseenheeten, Investmentfongen, Aktien, Obligatiounen, Verméigensallokatioun ... do ass et heiansdo schwéier, sech erëmzefannen. Wat sinn d’Ënnerscheeder a wéi soll ee säi Choix treffen? Hei ass e Guide, deen hëlleft, méi kloer ze gesinn.

  • Liewensversécherunge

    Entdecken

    1. Liewensversécherung: E villsäitegen Investissementskader

    D’Liewensversécherung ass net einfach nëmmen e Spuerkontrakt, et ass e richtegen Investissementskader, mat deem Dir Är Suen op verschidden Zorte vu Verméigenswäerter mat ënnerschiddleche Risikoniveauen a Rendementen opdeele kënnt. Dës Flexibilitéit erlaabt Iech, Är Investissementsstrategie un Är finanziell Ziler unzepassen, sief et, fir Är Erspuernesser ofzesécheren oder fir laangfristeg méi héich Rendementen ze erzilen.

    Zu Lëtzebuerg ënnerscheet een haaptsächlech zwou grouss Kategorië vu Placementer am Kader vun enger Liewensversécherung:

    • Garantéiert Kapital mat engem festen Zënssaz, dat Stabilitéit a Sécherheet bitt

    • Rechnungseenheeten (Unités de Compte – UC), déi zwar potenziell méi performant, dofir awer mat méi engem héije Risiko verbonne sinn.

    Fir wéi eng Optioun Dir Iech entscheet, hänkt haaptsächlech vun Ärer Risikotoleranz, Ären Ziler an Ärem Investissementshorizont of.

    2. Garantéiert Kapital: Sécherheet a Stabilitéit

    Dat garantéiert Kapital profitéiert vun engem Zënssaz, dee vum Commissariat aux Assurances, der Opsiichtsautoritéit vun den Assureuren, festgeluecht gëtt. Zousätzlech kann d’Gesellschaft all Joer eng Gewënnbedeelegung op der Basis vun hire Resultater a vun den Zënssätz op de Finanzmäert festleeën. Domat ass Äert Kapital geschützt an Dir kënnt all Joer Zënse kréien. Dës Zënse bleiwen definitiv erhalen, soudatt Äert Spuerkapital reegelméisseg wiisst, an dat ouni de Risiko vun engem Kapitalverloscht. An de leschte Jore sinn d’Rendementen allerdéngs erofgaangen an net ganz héich. D’Formel vum garantéierte Kapital eegent sech deemno speziell fir virsiichteg Investisseuren, déi hir Erspuernesser ofséchere wëllen, ouni de Schwankunge vun de Finanzmäert ausgesat ze sinn.

    3. Rechnungseenheeten: méi Dynamik fir Är Erspuernesser

    D’Rechnungseenheete sinn net garantéiert Investissementssupporten, deenen hire Wäert de Schwankunge vun de Finanzmäert ënnerläit. Mat dëse Supporten huet een Zougang zu verschiddenen Zorte vu Verméigenswäerter ewéi Investmentfongen, Aktiefongen, Obligatiounsfongen, gemëschte Fongen, Rostoffer asw. Ugestrieft gëtt hei op laang Siicht e Rendement, déi méi héich ass ewéi dee vum garantéierte Kapital, woubäi eng gewësse Volatilitéit a Kaf geholl gëtt.

    Rechnungseenheeten eegene sech fir Investisseuren, déi am Géigenzuch fir e potenziell méi héije Rendement e moderate Risiko akzeptéieren. Se si besonnesch geduecht fir Investisseure mat engem laangfristegen Investissementshorizont, déi hir Erspuernesser dynamiséiere wëllen.

    Wann Dir Iech an Ärem Kontrakt fir Rechnungseenheeten decidéiert, leet Dir Är Suen an Investmentfongen un. Konkreet bedeit dat, datt Dir net direkt Aktien oder Obligatioune kaaft, mee e Stéck vun engem kollektive Fong, deen d’Erspuernesser vu méi Investisseure regruppéiert. Dëse Fong gëtt da vu Fachleit op der Basis vun enger am Virfeld festgeluechter Strategie (virsiichteg, equilibréiert, dynamesch, sektoriell asw.) geréiert.

    Ee vun de groussen Atoute vun dëse Fongen ass d’Diversifikatioun: Esou kënnen d’Investissementer op verschidden Zorte vu Verméigenswäerter, geografesch Zonen, Devisen oder Theemen (ewéi ESG) opgedeelt ginn, wouduerch sech de Gesamtrisiko vum Portefeuille reduzéiert. De Wäert vum Fong schwankt an hänkt vun der Performance vu senge Verméijenswäerter of, an d’Gewënner (respektiv d’Verloschter) ginn tëschent den Investisseuren am Verhältnis zu hirem Undeel opgedeelt. Dat ass eng einfach an effikass Manéier, fir Zougang zu de Finanzmäert ze kréien a sech dobäi op d’Expertise vu spezialiséierte Gestionnairë stäipen ze kënnen.

    4. D’Haaptfongen, déi bei LALUX ugebuede ginn

    LALUX bitt eng extreem diversifiéiert Selektioun vun externe Fongen un, déi vu Finanzexperte geréiert ginn a jee no Ärem Risikoprofil zougänglech sinn. Iwwer e puer Froen ermëttelt Ären Agent Ären Investisseursprofil a proposéiert Iech Fonge mat engem Risikoniveau, deen Ären Ziler an Ärer Situatioun entsprécht.

    D’Fonge kënne sech aus verschiddenen Investitiounsklassen zesummesetzen ewéi zum Beispill:

    • Obligatioune vum Staat oder vun Entreprisen: fir e stabille Placement mat moderatem Rendement

    • Aktien: fir e potenziell méi héije Rendement mat engem Risikoniveau, deen ugepasst ka ginn

    • Rostoffer (z. B. Gold): e sécheren Hafen als Schutz géint d’Inflatioun

    • ESG-Fongen: op Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernance-Krittären ausgeriicht a mam LuxFLAG-Label ausgezeechent, bei deenen en onofhängegen Organismus garantéiert, datt d’Selektioun den ESG-Standarden entsprécht

    Den Agent vun Ärem Vertraue steet Iech zur Säit, fir Iech bei Ären Investissementschoixen ze begleeden.

    Vergiesst net, datt Dir zu all Ament d’Méiglechkeet hutt, d’Allokatioun vun Ären Investissementer mat enger einfacher Ëmschichtung ze änneren, fir Plus-valuen ofzesécheren, Verloschter ze miniméieren oder och nach vu gënschtege Geleeënheeten ze profitéieren.

    5. Wéi wielt ee seng Liewensversécherung aus, wann een investéiere wëll?

    Wa Sécherheet fir Iech eng Prioritéit ass, dann ass et besser, sech fir e garantéiert Kapital ze entscheeden. Wann Dir e gudde Kompromëss sicht, kann e Mix tëschent garantéiertem Kapital an Investmentfongen eng gutt Strategie sinn. Fir e laangfristeg héije Rendement kënnen Investmentfonge sech ubidden.

    An zu gudder Lescht sinn Investisseuren, déi a Lëtzebuerger Liewensversécherungsproduiten investéieren, duerch déi lëtzebuergesch Reglementatioun besonnesch gutt geschützt. Déi mat Äre Kontrakter verbonne Verméigenswäerter gi bei enger Banque depositaire hannerluecht, déi vun der Kontrollautoritéit vum Secteur, dem Commissariat aux Assurances, zougelooss ass, a se gi streng vun den eegene Verméigenswäerter vun der Gesellschaft getrennt. Wann et zu engem Problem komme sollt, hutt Dir, zesumme mat deenen aneren Investisseuren, d’Prioritéit bei der Recuperatioun vun Ärem Verméigen. An da kënnt nach de Superprivileg dobäi: Als Souscripteur gitt Dir als éischtrangege Creancier op dat ganz Verméige vun der Gesellschaft unerkannt.  Am Fall vun enger Faillite vun der Gesellschaft ass de Souscripteur prioritär par rapport zum Staat, de Sozialversécherungen, de Salariéën oder all anere Creancier. En zousätzlecht Argument, dat Iech méi Geloossenheet garantéiert.

    D’Liewensversécherung ass wäit méi ewéi just e Spuerproduit: Et ass e modulabelt a geséchert Instrument fir d’d’Verméigensverwaltung. Egal ob Dir eng virsiichteg, equilibréiert oder dynamesch Ausriichtung privilegiéiert, et gëtt ëmmer eng Kombinatioun, déi bei Äre Profil passt. Dank der Flexibilitéit vu Liewensversécherunge kënnt Dir d’Virdeeler vun engem garantéierte Kapital mat deene vun de Fonge verbannen, ganz no Äre Besoinen. Prett fir Är Erspuernesser ze optiméieren? Profitéiert vun der personaliséierter Berodung vun Ärem Agent, fir datt Dir déi richteg Entscheedungen trefft an Är Investissementer hir Friichten droe kënnen.

    Liewensversécherung

    Entdecken