Blog/Investéieren

Investéieren

Video Investéieren

Firwat easyLIFE Invest for Future auswielen, fir seng Zukunft ze preparéieren? D’Äntwert am Video

Dir wëllt Är Erspuernesser gewënnbréngend uleeën a gläichzäiteg d’Zukunft vun Äre Léifste virbereeden? Mat easyLIFE Invest for Future kënnt Dir op eng flexibel, nohalteg a verantwortungsbewosst Manéier investéieren, ganz an Ärem Rhythmus, ouni Ären Dagesbudget ze iwwerlaaschten. Profitéiert vun enger personaliséierter Begleedung, fir Är Projeten ze konkretiséieren.…

Méi liesen
Liewensversécherungen Investéieren

Vereinfacht Är Spuer- an Investissementsentscheedungen mam innovativen Tool vu Coanda Simulations

Et ass net ëmmer einfach, déi richteg Strategie fir Är Erspuernesser oder Investissementer auszewielen. Wann een un déi vill disponibel Supporten denkt, un Äre Placementshorizont an Är perséinlech Ziler – Är Pensioun virbereeden, e Projet finanzéieren oder Äert Kapital mat Gewënn uleeën –, kann et scho mol schwiereg sinn, ze wëssen, wou een ufänke soll.…

Méi liesen
Liewensversécherungen Investéieren

Schenkt Äre Kanner d’Zukunft, vun där si dreemen

Als Elteren zu Lëtzebuerg frot Dir Iech, wéi Dir d’Käschte vun Äre Kanner hire Studien am beschten am Viraus plange kënnt? Et ginn haut einfach, flexibel a steierlech interessant Spuerléisunge fir d’Studien ewéi zum Beispill easyLIFE Education, mat deenen Dir Är Kanner haut schon ënnerstëtzen an hir Zukunft entspaant virbereede kënnt.…

Méi liesen
Liewensversécherungen Investéieren

Guide fir Liewensversécherungen: déi verschidden Typpe vun Investissementer verstoen

Eng Liewensversécherung ass en onëmgänglecht Placement, fir ze spueren, seng Pensioun virzebereeden oder Kapital ze iwwerdroen. Nieft dëse klasseschen Zwecker ass d’Liewensversécherung awer och attraktiv wéinst hirer grousser Investissementsflexibilitéit, mat där ee seng Erspuernesser op verschidde Verméigenswäerter opdeele kann, woubäi d’Versécherung un Äre Risikoprofil ugepasst gëtt. E weideren entscheedende Virdeel weist sech bei der Transmissioun: Dir decidéiert fräi, wien de Betrag vun Ärer Assurance ausbezuelt kritt. Dir hutt d’Méiglechkeet, d’Beneficiairë vun Ärem Kontrakt gratis ze änneren, an zwar esou dacks ewéi Dir wëllt. A wa se zu Lëtzebuerg ofgeschloss gouf, profitéiert d’Liewensversécherung vun engem eenzegaartege Protektiounskader, deen d’Sécherheet vun Ärem Verméige verstäerkt, wann den Assureur ausfale sollt. Elo ginn et awer esou vill verschidden Optiounen – garantéiert Kapital, Rechnungseenheeten, Investmentfongen, Aktien, Obligatiounen, Verméigensallokatioun ... do ass et heiansdo schwéier, sech erëmzefannen. Wat sinn d’Ënnerscheeder a wéi soll ee säi Choix treffen? Hei ass e Guide, deen hëlleft, méi kloer ze gesinn. …

Méi liesen