Dir wëllt schonn haut Är Sue besser geréieren? Eisen Investment-Coaching-Video hëlleft Iech, d’Grondlagen ze verstoen, heefeg Feeler ze evitéieren an och ouni gréisser Akommes Är finanziell Zukunft opzebauen.
#LALUXOfficeTalk Investment-Coaching fir Jonker
Éichten Job, éischt Pai. A déi grouss Fro : Wéi genéissen ouni ëmmer ze héieren "Du verschwends deng Suen"?
Wann een ufänkt seng eege Suen ze verdéngen, ass et normal, dass een sech eppes wëll leeschten : Reesen, en Auto kafen, erausgoe mat Frënn… Mee, si mir éierlech, d'Sue si séier fort. Wien hat net schonn de Moment um Enn vum Mount “Mee wou ass mäi Salaire hin?”
An dat ass dacks de Moment, wou d'Elteren ukomme mat hire klassesche Sätz : Du solls eppes op d'Säit leeën!
- Gëff net alles aus!
- Sue wuessen net op Beem!
- Mir kennen d'Lidd!
Mee amplaz dass d'Suen Thema vu Konflikt sinn, wat wann Dir e Mëttelwee fannt, dee jiddereen zefridde stellt?
Hautdesdaags bleiwe vill jonk Erwuessener méi laang doheem bei den Elteren. E richtege Virdeel : Kee Loyer, keng Käschten. Mee wann Dir eng Wunneng misst bezuelen, géing e groussen Deel vum Salaire dofier dropgoen, oder?
Firwat also net déi Suen als Sprangbriet fir d'Zukunft notzen an net just fir deeglech Ausgaben?
Loosst d'Sue fir Iech schaffen. Leet den Géigewäert vun engem Loyer op d'Saït, mee dës Kéier fir Ären zukünftegen Immobiliekaf. Dat si keng verluerene Suen, mee e Kapital, dat Dir opbaut.
An dann ass do nach de Pensiounssystem. 50 € de Mount, dat ass wéi en Owend am Restaurant. Mee an e puer Joer, gëtt dat eng schéin Zomm fir Är Projeten. A wann Dir eng Steiererklärung maacht, kritt Dir esouguer en Deel vun där Erspuernis zeréck.
A fir d'Gesondheet gëllt dat selwecht. Haut sidd Dir a Form a fit, mee wat Dir méi fréi eng zousätzlech Gesondheetsversécherung huelt, wat se Äert Liewe laang méi bëlleg bleift. Eng kleng Sécherheet déi spéider vill brénge kann.
An duerno? De Rescht ass fir Iech! Reesen, Fräizäit, Restauranten… Ouni schlecht Gewëssen an ouni Riedereien! Braucht Dir e klengen Tipp fir richteg unzefänken?
Äre LALUX Agent ass fir Iech do. Liewt haut voll aus a baut gläichzäiteg Ärer Zukunft op.

