Liewensversécherungen,Investéieren verëffentlecht den 17.04.2025
Wou soll een, jee no Alter a Kapital, zu Lëtzebuerg investéieren?

Investéieren ass net just op d’Bourse oder op Immobilie limitéiert. Fir all Etapp vun Ärem Liewe ginn et passend Versécherungsléisungen, déi Sécherheet, Steiervirdeeler a laangfristeg Performance matenee verbannen. Wéi awer trëfft een de richtege Choix? Wéi e Choix ass, ofhängeg vun Ärer Liewensphas, Ärer finanzieller Situatioun an Ären Ziler, dee sënnvollsten? Genee dat probéiere mir mat eisem Orientéierungsguide ze klären, andeem mir déi bescht Investissementsstrategië fir all Etapp vun Ärem Liewen ermëttelen.

  • Firwat ass eng Liewensversécherung wichteg?

    Entdecken

    1. Phas: Kapital uspueren an d’Steieren esou wäit ewéi méiglech optiméieren

    Wann een ufänkt, säi finanziellt Liewen ze organiséieren, ass et wichteg, sech direkt déi richteg Reflexer unzegewinnen. Hei gëlle fir d’éischt emol zwou Prioritéiten: seng perséinlech Scholden (z. B. e Studenteprêt) esou fréi ewéi méiglech zeréckbezuelen a sech eng Noutreserv unzeleeën. Idealerweis leet Dir hei de Géigewäert vun dräi bis sechs Méint Pai op d’Säit. Dës Virsiichtsreserv bitt Iech eng wierklech Sécherheet fir de Fall vun ongeplangten Evenementer oder engem Akommesverloscht.

    Déi finanziell Ofsécherung hält awer do net op. D’Assurance ass net nëmmen e Sécherheetsnetz: Et ass och en effikasst Instrument, fir Verméigen opzebauen.

    Profitéiert och am Ufank vun Ärem Beruffsliewe scho vu steierleche Virdeeler:

    Zu Lëtzebuerg kënnt Dir mat Liewensversécherungen oder gemëschten Assurancen net nëmme laangfristeg spueren, mee och vun interessante steierleche Virdeeler profitéieren. Dank dem Artikel 111 vum Gesetz iwwer d’Akommessteier kënne verschidde Primme vun de Steieren ofgesat ginn, dat bis zu engem Betrag vu 672 € pro Persoun a pro Joer.

    Dat betrëfft zum Beispill:

    Bonus: Boost schonn haut Är Erspuernesser fir d’Pensioun!

    Preparéiert Är Pensioun mat engem individuelle Kontrakt fir d’Altersvirsuerg: Et ass ni ze fréi, fir un d’Pensioun ze denken. Idealerweis mécht een dat direkt schonn am Ufank vu sengem Beruffsliewen: Wat Dir éischter ufänkt, wat Dir méi Zäit hutt, fir ze spueren, vun de steierleche Virdeeler ze profitéieren an Iech en zolidd Zousazakommes fir d’Zukunft opzebauen. Mat easyLIFE Pension séchert Dir Iech en Zousazakommes, fir an der Pensioun méi Confort ze genéissen – a gläichzäiteg vu steierleche Virdeeler ze profitéieren. Dem Artikel 111bis vum Akommessteiergesetz no kënnt Dir all Joer pro Persoun bis zu 3.200 € vun Ärem versteierbaren Akommes ofsetzen.

    Dir kommt als Salarié an de Genoss vun enger Zousazpensiounsversécherung ewéi lalux-Staff Protect? Super! Fir de Maximum aus dem Pensiounsplang vun Ärem Employeur erauszehuelen, denkt drun, och perséinlech Cotisatiounen anzebezuelen. Si reduzéieren net nëmmen all Mount direkt Äert versteierbaart Akommes, mee Dir kënnt och nach, opgrond vun Artikel 110 vum Akommessteiergesetz, bis zu 1.200 € d’Joer an Ärer Steiererklärung ofsetzen.

    De richtege Reflex:

    Éier Dir un aner Forme vun Investissementer denkt, sollt Dir fir d’éischt emol maximal vun deenen zu Lëtzebuerg steierlech ofsetzbare Plaffonge profitéieren. Eng effikass Manéier, fir ze spueren a gläichzäiteg schonn haut Är Steieren ze reduzéieren.

    2. Phas: Säi Verméige konsolidéieren an diversifizéieren

    Är berufflech Situatioun huet sech stabiliséiert an d’Kafkraaft ass an d’Luucht gaangen: Elo ass vläicht de richtege Moment, un aner Investissementer ze denken, fir Äert Verméigen ze diversifizéieren (z. B. an Immobilien investéieren, Entreprenariat asw.). Wichteg ass et an dëser Phas, net alles op eng Zort vu Placement ze setzen.

    Méiglech Opportunitéite wieren:

    • Séchert Är Immobilieprojeten of: Dir sidd kuerz virdrun, en Immobiliekredit ofzeschléissen? Dann ass eng Reschtscholdversécherung onëmgänglech, fir Är Famill am Stierffall géint finanziell Problemer ofzesécheren. Entdeckt easyLIFE Reschtschold.
    • Nohalteg investéieren: Wann Dir méi e verantwortungsbewossten Usaz sicht, bitt easyLIFE Invest for Future en innovative Liewensversécherungskontrakt, dee Kapitalschutz a Performancepotenzial iwwer Investmentfonge matenee verbënnt, ganz am Respekt vun eetheschen an nohaltege Krittären. Et handelt sech ëm eng flexibel Investissementsléisung, déi sech un Äre Profil an un Är Wäerter upasst. Dir kënnt zousätzlech Zommen abezuelen, Rachate maache wann néideg, an, deemno wéi Är Projete sech entwéckelen, Ëmschichtungen tëschent de Fonge virhuelen. Eng einfach Manéier, fir an Ärem eegenen Tempo ze investéieren a mat deem, wat fir Iech wichteg ass, alignéiert ze bleiwen.
      Entdeckt, wéi Dir Är Projete mat verantwortungsbewossten Investissementer realiséiere kënnt!

    3. Phas: D’Zukunft virbereeden

    Mat engem gutt duerchduechte Plange vu sengem Verméige kann een dës Transmissioun optiméieren a gläichzäiteg och nach d’Steierlaascht reduzéieren. Dës Phas ass besonnesch wichteg, fir d’Resultater vun all Ären Efforten ofzesécheren. Denkt un Iech, mee och un d’Transmissioun.

    Passend Léisungen:

     

    4. Phas: Säi Verméigen erhalen an iwwerdroen

    An dëser Phas ass et am wichtegsten, säi Verméigen ze erhalen a gläichzäiteg säi reegelméissegt Akommes ze optiméieren, fir e confortabele Liewensstandard weiderféieren ze kënnen. Suergt dofir, datt Äre Wëlle respektéiert gëtt a schützt gläichzäiteg Är Léifste mat enger klorer a personaliséierter Planifikatioun.

    Ideal Placementer:

    • Är Léifste schützen, och am Fall vun engem béise Coup: Mat enger Stierffall-Assurance mat konstantem Kapital ewéi easyLIFE Prévoyance schützt Dir de Liewensstandard vun Äre Léifsten oder garantéiert de Fortbestand vun Ärer Entreprise, egal, wat geschitt. Dir profitéiert esou net nëmme vu steierleche Virdeeler, mee et ass och eng einfach awer wichteg Manéier, fir hir finanziell Sécherheet ze garantéieren.
    • D’Studie vun Äre Kanner virbereeden: Studéieren ass deier. Mat easyLIFE Study Cover spuert Dir progressiv fir e Kand oder en Enkelkand – an d’Kapital ass um Enn vum Kontrakt garantéiert, och esouguer dann, wann den Assuré stierwe sollt. Dat Ganzt ouni medezinesch Formalitéiten an einfach ofzeschléissen.

    Tipps, fir Är Investissementer zu Lëtzebuerg ze maximéieren

    • Als éischt emol sollt Dir maximal vun de Beträg, déi Dir steierlech ofsetze kënnt, profitéieren.
    • Loosst Är Suen net op engem Compte courant oder engem klassesche Spuerkont schlofen: Loosst se intelligent fir Iech schaffen.
    • Wann Dir e Schratt méi wäit goe wëllt, diversifizéiert Är Placementer a loosst Iech vun Ärem LALUX-Agent beroden. Hie ka vun engem Expert begleet ginn, fir Är Strategie un Är Ziler a Besoinen unzepassen, an dobäi d’Maartentwécklungen am A behalen.

    Investéieren, dat ass virun allem eng Saach vu Strategie an idealem Timing! Et ass ni ze fréi oder ze spéit, fir ze investéieren!

    Firwat ass eng Liewensversécherung wichteg?

    Entdecken