Loggt Iech mat easyAPP ganz einfach an Äre perséinleche Beräich an. Dëse Video weist Iech Schrëtt fir Schrëtt, wéi Dir Dokumenter nokucken, Är Kontrakter suivéieren an Är Assurancë geréiere kënnt, egal wou Dir grad sidd.
#LALUXShorts Wéi loggt ee sech bei easyAPP an?
Dir wëllt vun de Servicer, déi Är Assurance bitt, profitéieren, an dat zu all Ament vum Dag. Déi digital Léisunge vum Grupp LALUX si fir Iech do.
Luet fir d’éischt d’Applikatioun easyAPP an Ärem Store um Handy erof. Dir braucht dräi Informatiounen, fir Iech unzemellen: Är Clientsnummer, Är E-Mail-Adress an Är Handysnummer.
Duerno braucht Dir Iech nëmme guidéieren ze loossen, an Äre Kont ass séier ageriicht. Zéckt net, d’Biometrie vun Ärem Telefon ze aktivéieren, fir datt Dir Iech déi nächste Kéier, wann Dir d’App opmaacht, méi einfach alogge kënnt.
Wann Dir léiwer e Computer benotzt: easyAPP Home bitt déi selwecht Funktiounen a benotzt déi selwecht Donnéeë fir d’Aloggen.
A wann Dir bis ageloggt sidd, ass d’Gestioun vun Ärer Assurance esou einfach wéi nach ni.
Ären Agent ëmmer un Ärer Säit
Méi dozoueasyAPP Home
Sech umellen
