Tipps,Gesondheetsversécherungen verëffentlecht den 16.06.2025
Wéi funktionnéiert de lëtzebuergesche Gesondheetssystem? All d'Erklärungen am Video
Blog/Wéi funktionnéiert de lëtzebuergesche Gesondheetssystem? All d'Erklärungen am Video

Wann Dir grad op Lëtzebuerg geplënnert sidd an Dir wëllt méi iwwer de Gesondheetssystem hei am Land gewuer ginn, da kuckt dëse Video.

  • Wéi e Versécherungsschutz ass dee beschte fir Iech?

    Entdecken

    E Bléck op de lëtzebuergesche Gesondheetssystem: Effikassitéit a Limitten

    Méi dozou

     

    D'Vanessa Cuccu, Senior Claims Managerin bei DKV Luxembourg, erkläert Iech de lëtzebuergesche Gesondheetssystem an déi jeeweileg Besonnegheeten, déi bei Gesondheetsservicer zu Lëtzebuerg ufalen. 

    Followen op LinkedIn:

    Wësst Dir, datt Lëtzebuerg ee vun de beschte Gesondheetssystemer vun der Welt huet? Wann Dir zu Lëtzebuerg ufänkt mat schaffen, da mellt Ären Employeur Iech beim Centre Commun de la Sécurité Sociale, dem CCSS, un. Esou sidd Dir automatesch an der gesetzlecher Krankekeess ageschriwwen. 

    D'Salariéen aus dem Privatsekteur si bei der Gesondheetskeess, der CNS, ugemellt. Als Member kritt Dir Är Sozialversécherungskaart mat Ärer eegener Matricule. Dës Kaart musst Dir bei alle Gesondheetsservicer virweisen. Är Kanner an Äre Partner, wann hien oder si net schafft, sinn iwwert Iech verséchert a kréien hir eege Sozialversécherungskaart.

    Hei e puer lëtzebuerger Eegenaarten : Am Géigesaz zu villen anere Länner kënnt Dir zu Lëtzebuerg Ären Dokter oder d'Spidol fräi wielen. D'Personal an de medezineschen Ariichtungen ass oft méisproocheg. Dir kënnt also op lëtzebuergesch, mee och op franséisch, däitsch, engleschan dacks esouguer op portugiesesch oder italienesch kommunizéieren.

    Déi meescht Consultatioune musst Dir virbezuelen an dann d'Rechnng op d'CNS schécken, fir rembourséiert ze ginn.  Fir Analysen am Labo, Medikamenter, Kinéa verschidde medezinesch Consultatiounen, gëllt den Tiers payant. An dëse Fäll musst Dir just dat bezuelen, wat net vun der CNS iwwerholl gëtt.  Als Frontalier sidd Dir iwwer d'CNS verséchert fir Traitementer zu Lëtzebuerg, an iwwer d'Krankekeess an dem Land, an deem Dir wunnt, fir déi Soinen, déi do gemaach ginn. 

    Opgepasst : medezinesch Käschte ginn oft net komplett iwwerholl.  Et kann dofir sinn, dass nach en héije Montant um Patient hänke bleift, notamment fir Brëller, oder 
    Laseroperatiounen, Kannerorthodontie, Zännprotesen, 1. Klass Hospitalisatioun, Hospitalistioun am Ausland, oder alternativ Behandlungsmethoden, wéi d'Osteopathie.

    Fir d'Montanten, déi Dir selwer musst bezuelen, ze limitéieren, a gläichzäiteg Är Gesondheet beschtens ze schützen ass et unzeroden eng Zousazkrankeversécherung ofzeschléissen.
    DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, huet déi passend Léisunge fir all Situatioun : Residenten, Frontalieren, Selbststänneger, EU-Fonctionnairen oder Reesender.

    Entdeckt déi ideal Couverture mam Guide vun de Gesondheetsversécherungen op dkv.lu oder kontaktéiert en Agent vum Grupp LALUX, deen Iech gär zur Säit steet.

    Wéi e Versécherungsschutz ass dee beschte fir Iech?

    Entdecken

    E Bléck op de lëtzebuergesche Gesondheetssystem: Effikassitéit a Limitten

    Méi dozou