Präventioun,Gesondheet verëffentlecht den 18.03.2026

Sport: En Alliéierte géint Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen

Blog/Sport: En Alliéierte géint Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen

Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge si weltwäit déi éischt Doudesursaach. Dobäi gëtt et en natierlecht „Medikament”, dat näischt kascht a fir jiddereen zougänglech ass, fir dës Erkrankungen ze verhënneren: kierperlech Aktivitéit. Mee opgepasst, wéi all Behandlung muss och de Sport gutt doséiert ginn. Gitt hei méi gewuer iwwer d'Erkenntnisser an d'Erfarungen, déi d'Spezialiste vun der Fondation Cœur Daniel Wagner, Partner vun DKV Luxembourg, mat eis gedeelt hunn.

  • Fondation Cœur

    Méi dozou

    Risikofacteure fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen

    De Risiko vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge gëtt vu ville Facteure beaflosst, verschiddener dovu kann ee verbesseren:

    • héije Bluttdrock
    • héije Cholesterol
    • staarkt Iwwergewiicht
    • Diabeetes
    • Mangel u Beweegung
    • Stress
    • net equilibréiert Ernärung
    • Alkoholkonsum
    • Fëmmen

    Bei Frae ginn d'Erkrankunge manner diagnostizéiert , dofir ass et wichteg, si besser iwwer d'Risiken an d'Symptomer ze informéieren. Duerch eng Verännerung vum Liewensstil kënnen dës Risiken däitlech reduzéiert ginn, an et ass ni ze spéit, fir unzefänken!

    Kierperlech Aktivitéit: en effikasst Medikament

    Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no, gëtt geroden, 2,5 bis 5 Stonne moderat kierperlech Aktivitéit pro Woch ze bedreiwen, ergänzt duerch zwou Seancë fir d'Muskelen ze stäerken. Wat d'Aktivitéit méi intensiv ass, wat manner Zäit muss investéiert ginn.

    Vu 65 Joer u gëtt geroden, och nach dräi Mol an der Woch Gläichgewiichtsübungen ze maachen, fir de Risiko vum Falen ze reduzéieren an d'Selbstännegkeet ze erhalen.

    Eng ganz Rei vun Etüde bestätegen déi spektakulär Auswierkunge vum Sport op d'Häerz-Kreeslaf-Gesondheet:

    • 30 Minutte Beweegung den Dag reduzéieren de Risiko vun enger Häerz-Kreeslaf-Erkrankung ëm 50 %. 1
    • Aktiv Persoune liewen am Duerchschnëtt 5 bis 10 Joer méi laang wéi Leit ouni vill Beweegung. 2
    • D'Liewenserwaardung bei gudder Gesondheet ass méi héisch: Inaktiv Persoune leide méi staark ënner engem Verloscht vun hirer Selbstännegkeet ewéi sportlech Leit. 3

    Nordic Walking ass zum Beispill eng duuss, komplett an zougänglech Aktivitéit, déi ideal fir d'Preventioun ass. Wann Dir daagsiwwer ze vill beschäftegt sidd, da ka scho reegelméisseg 20 bis 30 Minutte spadséiere goen owes eng gutt Léisung sinn.

    Mee och wann een owes oder de Weekend Sport mécht, bleift e Beruff, bei deem ee vill sëtzt, e Risikofacteur. Ideal ass et, de ganzen Dag iwwer reegelméisseg opzestoen, ze goen, sech ze strecken a sech ze beweegen. D'Trapen amplaz vum Lift huelen ass schonn en éischte Schrëtt a Richtung méi kierperlech Aktivitéit a ka liicht zu enger gesonder Routine ginn.

    Dat Paradoxt um Sport: gesond, awer net ouni Risiko

    Och wa Sport gesond ass, ganz ouni Risiko ass en net, besonnesch wann en exzessiv oder mat engem schlechten Encadrement bedriwwe gëtt.

    • Och wann een no 40 Joer ouni den Avis vum Dokter beemol nees vun haut op muer sportlech aktiv gëtt, kann dat geféierlech sinn.
    • Zu Lëtzebuerg goufen an enger Etüd 43 plëtzlech Doudesfäll am Zesummenhang mat Sport innerhalb vu fënnef Joer erfaasst. 4
    • Déi risikoräichst Sportaarte sinn: Vëlofueren, Fussball a Lafen.
    • En intensiven Ausdauertraining (méi ewéi 6 Stonnen d'Woch) kann Häerzrhythmusstéierunge fërderen.

    Wéi kann een op eng sécher Manéier Sport maachen?

    Hei sinn e puer einfach Tipps, fir ouni Gefor vun de Virdeeler vum Sport ze profitéieren:

    • Loosst Iech medezinesch ënnersichen, éier Dir eng nei Aktivitéit ufänkt, besonnesch wann Dir méi ewéi 40 Joer al sidd.
    • Wielt eng Aktivitéit aus, déi Äre Fäegkeeten entsprécht a steigert Iech lues a lues.
    • Vergiesst d'Opwiermen an d'Recuperatioun net.
    • Denkt drun, genuch ze drénken an Iech equilibréiert ze ernären.
    • Benotzt adequat Ekipement (Schong, Kleeder, Schutzausrüstung, wann néideg).
    • Lauschtert op Äre Kierper, fir Iwwerustrengung, Verletzungen a Malaisen ze vermeiden.

    Sech beschtméiglech schützen

    Eng reegelméisseg kierperlech Aktivitéit ass ee vun de wichtegste Piliere fir d'Häerz-Kreeslaf-Preventioun. Am richtege Mooss ausgefouert, verlängert si d'Liewen, verbessert d'Liewensqualitéit a schützt d'Häerz. Mee wéi bei all Behandlung ass et och hei wichteg, seng Grenzen ze kennen a mat Verstand virzegoen.

    An och wann een alles mécht, fir Häerz-Kreeslaf-Problemer ze verhënneren, muss een trotzdeem heiansdo op medezinesch Behandlung oder eng Hospitalisatioun zeréckgräifen. An dësem Fall kann eng héichwäerteg Zousazkrankeversécherung wéi EASY HEALTH vun DKV Luxembourg de ganzen Ënnerscheed maachen: Si bitt z. B. bei enger Hospitalisatioun optimale Confort, wéi en Eenzelzëmmer.

    Dës Formule ëmfaasst och den exklusive Service BEST CARE⁺, deen am Fall vun enger schwéierer Erkrankung eng séier medezinesch Betreiung an e Rendez-vous bei engem Spezialist bannent 5 Deeg garantéiert. A wann en Agrëff néideg ass, gëtt dëse Rendez-vous fir Iech organiséiert.

    Hiweis: Wann ee sech am jonken Alter verséchert, profitéiert ee vun avantagéisen Tariffer. Dank der Altersprovisioun bleift dësen Tarif Äert ganzt Liewe laang onverännert.


    1 : Epidemiology and cardiovascular benefits of physical activity and exercise, Circulation Research Vol 137 3. July 2025

    2 : National Library of Medicine, Does Physical Activity Increase Life Expectancy? A Review of the Literature, C D ReimersG KnappA K Reimers 

    3 : J Epidemiol Community Health. 2008 Sep;62(9):823-8. doi: 10.1136/jech.2007.067165.
    The relation between non-occupational physical activity and years lived with and without disability

    4 : Five years-results of a nationwide database on sudden cardiac events in sports practice in Luxembourg. Besenius E., Cabri J., Delagardelle C., Stammet P., Urhausen A. (2022).

    Fondation Cœur

    Méi dozou