Dir wunnt zu Lëtzebuerg oder plënnert dohin a frot Iech, wéi eng Assurancë wierklech obligatoresch sinn, wéi eng staark recommandéiert sinn a wéi Dir Ären deegleche Schutz optimiséiere kënnt? Bei all de gesetzlechen Exigenzen, den Erwaardunge vu Proprietären oder Banken an de Risike vum Alldag ass et net ëmmer einfach, sech erëmzefannen. Dësen Artikel gëtt Iech en Iwwerbléck, deen Iech hëlleft, d'Saache méi kloer ze gesinn a ganz entspaant déi richteg Entscheedungen ze treffen.
Autohaftflicht
D'Autohaftflicht ass obligatoresch fir all motoriséiert Gefierer, déi op ëffentleche Stroosse fueren. Si deckt Persounen- a Materialschied of, déi Dir anere Leit bei engem Accident verursaache kéint:
- mat Ärem Auto,
- mat enger Rulott
- mat enger Remork
Wichteg: Dës Assurance deckt keng Schied, déi de Chauffer selwer erlidden huet, oder Schied un Ärem eegene Gefier of. Dofir ass et wichteg, fir aner Garantien derbäizesetzen, wéi zum Beispill d'Assurance fir de Chauffer.
Privat Haftflicht
D'privat Haftflicht ass a bestëmmte Fäll obligatoresch, besonnesch wann Dir:
- Besëtzer vun engem Hond sidd
- e Boot (fir Sport oder Fräizäit) hutt
- zu Lëtzebuerg op d'Juegd gitt
Dës Assurance deckt Schied of, déi Dir oder d'Persounen, déi ënner Ärer Verantwortung stinn (och Är Déieren), Drëttpersounen an Ärem Privatliewe verursaache kéinten.
Berufflech Haftflicht
Bestëmmte reglementéiert Beruffer hunn eng gesetzlech Verflichtung, eng berufflech Haftflicht ofzeschléissen, déi Schied ofdeckt, déi de Clienten oder Drëttpersounen am Kader vun hirer Aktivitéit entstinn. Dozou gehéieren zum Beispill haaptsächlech follgend Beruffer:
- Dokter
- Architekt
- Affekot
- Immobilienagent
- Reesagent asw.
Dës Assurance ass wichteg, fir Är finanziell Sécherheet am Fall vun engem Prozess, engem beruffleche Feeler oder enger Negligence ze garantéieren.
Zousazgesondheetsversécherung
Zu Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Caisse Nationale de Santé (CNS) en Deel vun de medezinesche Käschten, awer net alles. Eng Zousazgesondheetsversécherung iwwerhëlt:
- net rembourséiert Käschte fir Behandlungen un den Zänn
- Brëller
- spezialiséiert Konsultatiounen
- Hospitalisatiounen am Eenzelzëmmer asw.
Jee no Kontrakt ka si och Behandlungen am Ausland oder alternativmedezinesch Behandlungen ofdecken.
Assurance fir Haus a Wunneng
Och wa se gesetzlech net obligatoresch ass, gëtt bal ëmmer eng Assurance fir Haus a Wunnengverlaangt, dëst:
- vum Proprietär, wann Dir Locataire sidd (iwwer de Bail)
- vun der Bank, wann Dir Proprietär sidd, dee selwer am Haus oder der Wunneng wunnt (am Kader vum Prêt)
Mat dëser Assurance ass Follgendes ofgedeckt:
- Waasserschied
- Brand
- Naturkatastrophen
- Abréch
Fir e Proprietär, deen d'Haus oder d'Wunneng net selwer bewunnt (verlount oder onbewunnt), gëtt dës Assurance staark recommandéiert, fir onangeneem Iwwerraschungen am Fall vun engem Schued ze vermeiden.
Assurance fir de Chauffer
Wousst Dir, datt de Chauffer am Fall vun engem Accident, fir deen hie selwer verantwortlech ass, net vu senger eegener Haftflicht ofgedeckt ass? Dëst ass eppes, wat ville Leit net bewosst ass!
D'Assurance fir de Chauffer kann dës Lück fëllen, andeem se Follgendes ofdeckt:
- d'Verletzunge vum Chauffer
- d'medezinesch Käschten
- den Akommesverloscht am Fall vun enger Aarbechtsonfäegkeet,
- a souguer e Kapital am Fall vun Invaliditéit oder Doud.
En onverzichtbare Complement, wann Dir an aller Rou fuere wëllt.
Huelt Iech Zäit, fir Är perséinlech a berufflech Situatioun ze iwwerpréiwen, an zéckt net, e Versécherungsagent ze kontaktéieren, fir sécherzestellen, datt Dir déi richteg Entscheedungen trefft.
Fannt Ären Agent
Entdecken