Tipps verëffentlecht den 09.03.2023

Wéi eng Versécherungskontrakter kënne steierlech ofgesat ginn? D’Äntwert am Video

Blog/Wéi eng Versécherungskontrakter kënne steierlech ofgesat ginn? D’Äntwert am Video

A wann Dir mathëllef vun Äre Versécherunge manner Steiere bezuele misst? Entdeckt, wéi eng Versécherungsproduite vun de Steieren ofgesat kënne ginn: Haus a Wunneng, Gesondheet, Accidenter, Altersvirsuerg oder Haftflicht. Fir all Profil, och fir Independanten, déi passend Léisung, fir all Joer esou vill wéi méiglech Steieren ze spueren.

  • lalux-Safe Future - Independanten

    Entdecken

    Steiere spueren

    Méi dozou


    Steve Vanacker mécht mat Iech den Tour vun alle steierlech ofsetzbare Versécherungen, déi Dir an Ärer Steiererklärung kënnt uginn. 

    Op LinkedIn followen:

    Sech verwinnen dank Steiererspuernesser? Mat Hëllef vu steierlech ofsetzbare Versécherungsléisunge geet dat. Mee wéieng Versécherunge sinn dat, mat deenen Dir Steiere spuere kënnt?

    Hei sinn all déi Versécherungen, déi als "Dépenses Spéciales" ofsetzbar sinn:

    • Auto- a Familljenhaftflicht,
    • wann Dir Locataire sidd, dann ass den Deel Rsiques Locatifs vun Ärer Hausveréscherung och ofsetzbar.
    • Versécherunge fir Liewen, Invaliditéit an Doud, Krankeversécherung,
    • Onfallversécherung an
    • d'Primme vun der Reschttschold, déi Är Prêten ofdecken.

    Wann Dir Iech fir eng eemoleg Primm zur Ofdeckung vun Ärem Prêt entscheet hutt, klëmmt d'Limitt vum maximal ofsetzbare Montant. Dës ass mind. 6 000 € a ka sech jee no Alter an der Unzuel vu Kanner am Stot erhéijen. 

    Mam Ofschloss vun enger Zousazpensioun spuert Dir fir Är Pensioun a profitéiert all Joers vu Steiervirdeeler. Dir kënnt bis zu 3 200 € pro Steierflichtegen ofsetzen a je no Ärer Situatioun bis max. 45 % vun der investéierter Primm spueren.

    Dir wëllt wësse wéi héich Äre Steiergewënn ass? Da maacht Är Simulation op lalux.lu.

    Vergiesst net an den Zousazpensiounsplang z'investéieren, deen Äre Patron eventuell ageriicht huet. Déi perséinlech Bäiträg, déi Dir hei kënnt abezuelen, si bis zu 1 200 € pro Joer, also bis 100 € pro Mount, ofsetzbar.

    Dir profitéiert vun engem direkte Steiervirdeel, well Äert steierflichtegt Akommes all Mount reduzéiert gëtt.  

    Nach e läschten Tipp fir all d'Independanten a Fräiberuffler: Fir Iech ginn et speziell steierlech virdeelhaft Léisungen. Dobäi kënnt Dir bis zu 20 % vun Ärem berufflechen Akommes ofsetzen. 

    Wëllt Dir och mat de richtege Versécherungen Äre Steiergewënn optiméieren? Da kontaktéiert Äre LALUX Agent!

    lalux-Safe Future - Independanten

    Entdecken

    Steiere spueren

    Méi dozou