Éier Dir de Remboursement vun Äre Gesondheetskäschte un d’ DKV Luxembourg schécke kënnt, musst Dir fir d’éischt de Remboursement bei Ärer Krankekeess ufroen. Keng Panik: Mir erklären Iech, wéi dat geet, einfach an effikass.
Bei wéi enger Krankekeess sidd Dir verséchert?
Zu Lëtzebuerg hänkt Är Krankekeess vun Ärer berufflecher Situatioun of. Hei sinn d’Haaptkeesen:
- CNS (Caisse Nationale de Santé oder „Gesondheetskeess”): Salariéen aus dem Privatsecteur, Independanten, Residenten an Net-Residenten
- CMFEP : Krankekeess vun de Staatsbeamten an -employéen
- CMFEC : Krankekeess vun de Gemengebeamten an -employéen
- EMCFL : Salariéë vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft (CFL)
Etappen, fir de Remboursement unzefroen
Ëmmer méi Dokteren (Generalisten, Spezialisten an Zänndokteren) féieren an hirer Praxis de Paiement immédiat direct (PID) an oder hunn e schonn agefouert. Dat bedeit, datt den Deel, deen d’Krankekeess zeréckbezilt, direkt un Ären Dokter bezuelt gëtt, an datt Dir deemno nëmmen nach de Betrag, deen Dir ze droen hutt, bezuele musst.
An deem Fall musst Dir näischt un d’Krankekeess schécken. Dir kritt awer automatesch de Relevé vun de Prestatiounen zougeschéckt. Aktivéiert d’Funktioun eDelivery, fir dëse Relevé an digitaler Form ze kréien.
Wann de PID net gëllt, da kënnt Dir mat de follgende Schrëtt Är Remboursementer ufroen:
- Dir hat eng Visitt bei engem Gesondheetsdéngschtleeschter: Dokter, Zänndokter, Spidol asw.
- Dir bezuelt d’Käschten: op der Plaz oder iwwer Virement, soubal Dir d’Rechnung krut.
- Dir preparéiert déi follgend Dokumenter:
- déi acquittéiert Originalrechnungen (mat engem Stempel oder enger Remark als "bezuelt" markéiert) oder eventuell den Noweis, datt Dir bezuelt hutt (Avis de débit)
- d’Ordonnance vum Dokter, wann néideg
- den RIB (Relevé d’identité bancaire), nëmme bei enger éischter Demande oder bei enger Ännerung vum Kont
- Är national Matricule (Nummer mat 13 Zifferen) + Numm/Virnumm, wann dës Donnéeën net op der Rechnung stinn
- Dir schéckt dat Ganzt un Är zoustänneg Krankekeess:
- per Post (Dir braucht keen Timber, wann de Courrier vu Lëtzebuerg fortgeschéckt gëtt)
- oder, an nëmme wann Dir bei der CNS affiliéiert sidd, andeem Dir d’Dokumenter direkt an enger lokaler Agence ofgitt
- An der Reegel kritt Dir de rembourséierte Betrag am Laf vun den nächste Wochen iwwerwisen.
- Den Detail vun Äre Remboursementer kritt Dir per Post oder an digitaler Form geschéckt.
Wéi kënnt Dir de Relevé vun de Remboursementer an digitaler Form kréien?
Fir d’Prozeduren ze vereinfachen, kënnt Dir Iech op d’Funktioun eDelivery abonéieren, fir den Detail vun de Remboursementer an digitaler Form ze kréien. Dat ass ganz praktesch, fir duerno Är Demande bei DKV Luxembourg anzereechen!
Dir kënnt dës Funktioun an Ärem private Beräich op myguichet.lu aktivéieren:
- Loggt Iech mat enger elektronescher Carte d’identité oder engem LuxTrust-Produit an.
- Aktivéiert d’Funktioun eDelivery an der Rubrik „Santé / Social” am Onglet „Mes données”.
- Dir kritt da per E-Mail eng Notifikatioun, soubal d’Detailer vum Remboursement disponibel sinn.
- Är Dokumenter sinn och iwwer d'App MyGuichet.lu am Onglet „Mes communications” verfügbar.
Den Detail vum Remboursement gëtt Iech dann am PDF-Format zougestallt: Dir braucht dëse PDF onbedéngt, fir en un DKV Luxembourg ze schécken.
Wat Dir Iech verhale sollt:
- Maacht fir d’éischt eng Remboursementsdemande bei Ärer Krankekeess.
- Versuergt d’Originaler vun Äre Rechnungen an Ordonnancë gutt.
- Waart op den Detail vum Remboursement, fir dësen dann un DKV Luxembourg ze schécken.
- Aktivéiert d’Funktioun eDelivery op MyGuichet, fir Zäit a Pabeier ze spueren.
Dir braucht weider praktesch Informatiounen?
Informéiert Iech op guichet.lu, wou Dir déi offiziell Versioun vun der Prozedur, déi fir Är Situatioun gëllt, fannt.