Ernärung, Depistage a Preventioun: dräi grouss Theemen vun der Gesondheet bei klenge Kanner, déi och zu de Prioritéite vun den Informatiounscampagnë vun de Gesondheetsautoritéiten zu Lëtzebuerg zielen. An d'Land mécht villes fir déi kleng Butzen.
Iwwer den Auteur
Dësen Artikel gouf vum Dr. Eric Mertens geschriwwen, Generaldirekter vun DSB Communication an Editeur vum Magazin SEMPER Luxembourg™ a Letz be healthy™, a Kooperatioun mat DKV Luxembourg.
Éischt Theema, éischten Atout: D'Nieren ass déi ideal Ernärung, fir datt de Bëbee sech gutt entwéckelt, wiisst a gesond bleift.
Dofir kann ee roueg behaapten, datt „d'Fërdere vum Nieren och d'Fërdere vun der Gesondheet vum Kand“ ass.
Dofir gëtt haut och recommandéiert, de Bëbee an den éischte sechs Liewensméint exklusiv mat Mammemëllech ze nieren an duerno bis zum Alter vun 2 Joer an doriwwer eraus d'Niere bäizebehalen. Net fir näischt sinn d'Employeuren och ëmmer méi fir d'Virdeeler vum Nieren an d'Vereinfachung dovun op der Aarbechtsplaz sensibiliséiert.
"Den onverfälschte Goût ass besser fir d'Gesondheet, vu Klengem un"
Datt Mammemëllech Antikierper enthält, déi virun Infektioune schützen an och de Risiko vun Allergië reduzéieren, ass gewosst. Mee wousst Dir och, datt se sech am Laf vun der Zäit entwéckelt, fir sech un d'Besoine vun Ärem Bëbee unzepassen an datt duerch d'Muskelübungen, déi d'Niere mat sech bréngt, déi gesond Entwécklung vum Mond a vun den Zänn bei de Kanner gefërdert gëtt?
Gutt ze wëssen
An der Broschür „L’allaitement de A à Z“, déi an e puer Sprooche verfügbar ass, fënnt een eng Abberzuel u prakteschen Informatiounen an Äntwerten op d'Froen, déi ee sech am Zesummenhang mam Niere stelle kann.
Diversifikatioun: chi va piano va sano
Am Alter vun zéng Méint entdeckt d'Kand dann nei Goûten an nei Texturen. Lues a lues, ee Liewensmëttel nom aneren, mat ofwiesslungsräiche Geméiszorten, Verzicht op Koumëllech bis zum Alter vun 12 Méint a morem Fleesch. Och un den Zocker soll een déi Kleng guer net gewinnen.
Well, jo, gutt Gewunnechte gi schonn an dësem Alter ugeluecht. De Goût vun onverfälschte Liewensmëttel ass besser fir d'Gesondheet, vu Klengem un.
Esou entstinn dann och ëmmer méi Initiativen an de Crèchen an an de Schoulen, déi op kuerz Weeër a wa méiglech net verschaffte Produite setzen, wäit ewech vun industrielle Liewensmëttel.
Heiansdo gëtt geroden, léiwer ouni d'Kanner akafen ze goen, fir se net den Tentatioune mat ville Faarf- an aneren Zousazstoffer auszesetzen …
Dofir, firwat net Iech ugewinnen, zesumme mat hinnen déi lokal Mäert, d'Hiersteller vu frësche Produiten an déi natierlech Hierkonft vun de Liewensmëttel ze entdecken?
Virun engem Joerhonnert: déi éischt Dispensairë fir Puppelcher zu Lëtzebuerg
1922 huet eist Land d'Stad Verdun ënnerstëtzt, andeem et eng Lotterie organiséiert a mam Erléis der Stad Verdun e Gebai zur Verfügung gestallt huet, an deem d'OeuvredelaGouttedeLait, eng Crèche, e Consultatiounszëmmer fir schwanger Fraen an en Dispensaire fir Kanner ënnerbruecht waren.
Kuerz duerno, am Joer 1923, huet och d'Stad Lëtzebuerg sech esou eng Ariichtung zougeluecht, déi offiziell den 19. Juni 1925 ageweit gouf.
Schonn deemools war d'Promotioun vum Nieren d'Prioritéit vum Dispensaire.
Mam gudde Beispill virgoen
An dat féiert eis zeréck zu enger vun de Grondlage vun der Erzéiung: d'Virbild. Als Kand hu mir all eis Elteren, eist Ëmfeld, d'Liewen an eisem Duerf oder dat, wat mir op der Tëlee oder an der Vakanz entdeckt hunn, nogemaach.
Et ass illusoresch, drop ze hoffen, datt Äert Kand keng Softdrinks drénkt, wa mir selwer där all Dag drénken, oder him en Apel als Snack unzebidden, wann ni frëscht Uebst op eisen Dësch kënnt.
Beweegt Iech zesumme mat Ärem Kand, am Gaart, am Park an an deene schéine Bëscher zu Lëtzebuerg
Dat selwecht gëllt fir de Liewensstil an d'kierperlech Beweegung. An den USA bezeechent de Begrëff Couch potato den Archetyp vun enger iwwergewiichteger Persoun, déi 12 Stonnen den Dag virun der Tëlee hänkt.
Fir datt d'Kand dësem Modell entkënnt, ass et am beschten, sech zesumme mat him ze beweegen, am Gaart, am Park an an deeene schéine Bëscher zu Lëtzebuerg. E gudde Virsaz, deen der ganzer Famill gutt doe wäert. l
Depistage am Rhythmus vum Carnet de santé
Wann et een Dokument gëtt, dat all jonk Eltere gutt kennen, dann ass dat de Carnet de santé. En ass immens wichteg fir de Suivi vun de Kanner, well hei d'Resultater vum Suivi vun de Kanner an hire reegelméissegen Ënnersichunge wärend den éischte Liewensjoren zesummegedroe ginn.
Hautdesdaags vereinfachen awer och digital Gesondheetsservicer ewéi den Dossier de Soins Partagé (DSP) an den Elektroneschen Impfpass (CVE) de sécheren Zougrëff an d'Deele vu Gesondheetsdonnéeën: z. B. Androe vun Impfunge beim Kannerdokter, personaliséiert recommandéiert Impfungen, automatesch Aktualiséierung vum Impfstatus, Verschécke vu Rappeller.
A wa mer vun Impfunge schwätzen
De Gesondheetsministère recommandéiert den Elteren, hir Kanner gratis géint déi am nationalen Impfprogramm genannt Krankheeten, déi duerch Impfunge verhënnert kënne ginn, impfen ze loossen. Esou kënnen d'Kanner viru geféierlechen a souguer déidleche Krankheete, wéi z. B. d'Riedelen, déi grad nees virun eiser Dier stinn, geschützt ginn. Schwätzt mat Ärem Dokter driwwer.