Tipps,Präventioun,Haus & Wunnen verëffentlecht den 28.10.2025
Déifstallpreventioun: Wéi kënnt Dir Äert Doheem zu Lëtzebuerg effikass schützen?
Blog/Déifstallpreventioun: Wéi kënnt Dir Äert Doheem zu Lëtzebuerg effikass schützen?

En Abroch ass ni harmlos. Iwwer déi materiell Verloschter eraus hannerléisst en dacks e Gefill vun Onsécherheet a vun enger Verletzung vun der Privatsphär. Mee mat e puer einfache Gesten an deene richtegen Ekipementer kënnen d’Risiken däitlech reduzéiert ginn. Dëse Guide hëlleft Iech, d’Erausfuerderungen, déi mat engem Vol verbonne sinn, ze verstoen, déi richteg Reflexer ze entwéckelen an ze wëssen, wéi Dir am Fall vun engem Abroch reagéiere sollt. LALUX hëlleft Iech, Äert Haus oder Är Wunneng ze sécheren, fir datt Dir Äre Kapp a Rou leeë kënnt.

  • easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken

    D’Gefore vun engem Abroch zu Lëtzebuerg verstoen

    Lëtzebuerg ass e séchert Land, an awer sinn Abréch ni auszeschléissen. Enger Etüd vum STATEC no waren an de leschte fënnef Joer 12 % vun den Awunner Affer vun engem Abroch oder versichtem Abroch. An zwee Drëttel vun de Fäll steet d’Haus bzw. d’Wunneng selwer am Fokus vun den Abriecher, woubäi Eefamilljenhaiser am meeschte betraff sinn.

    D’Déif hunn et an éischter Linn op onbewunnt Haiser oder Wunnengen, einfach Zougäng a Wäertgéigestänn ofgesinn. Bijouen, informatescht Material, Boergeld oder perséinlech Dokumenter ginn dacks matgeholl. Dës Objeten hunn oft en onersetzleche sentimentale Wäert oder enthale sensibel Donnéeën. An alle Fäll ginn d’Konsequenzen awer wäit iwwer de materielle Verloscht eraus.

    Wat kann ee VIRUN engem Abroch maachen? Déi richteg Reflexer

    An d’Längt zéien, ofschrecken, schützen

    De Grondprinzip vun der Preventioun ass einfach: Wat en Abriecher méi laang brauch fir eranzekommen, wat d’Chancë méi grouss sinn, datt en opgëtt.

    • Verstäerkt d’Zougäng: eng gepanzert Dier mat enger Méipunktverrigelung, Fënstere mat abrochsécherem Glas, staark Rolllueden oder Gittere virun zougänglechen Ëffnunge sinn effikass Barrièren. Vergiesst och net d’Niewenzougäng ewéi d’Garage, de Keller oder de Balcon.
    • Simuléiert eng Presenz: Minuterië fir d’Beliichtung, automatiséiert Rolllueden oder Presenzsimulatore kënnen duergoen, fir Zweiwel opkommen ze loossen. Vermeit et, an de sozialen Netzwierker oder op Ärem Repondeur matzedeelen, datt Dir net doheem sidd.
    • Profitéiert vun der Technik: Alarmanlagen, vernetzt Kameraen, intelligent Beliichtung oder Beweegungsmelder sinn hautdesdaags ganz effikass. Heimat kënnt Dir Äert Doheem aus der Distanz iwwerwaachen an am Fall vun engem Abroch an Echtzäit alarméiert ginn.
    • Raumt Är Wäertgéigestänn ewech: Et ass besser, wa Bijouen, Aueren oder elektronesch Geräter net vu bausse siichtbar sinn. E gutt verstoppte Safe ass eng einfach an effikass Léisung, fir déi wäertvollst Objeten ze schützen. Fir ganz wäertvoll Saache kënnt Dir och un e gesécherte Coffre-fort bei enger Bank denken.
    • Iwwerpréift Äre Versécherungskontrakt: Kontrolléiert, ob an Ärer Versécherung fir d’Haus an d’Wunneng och wierklech eng Déifstallgarantie enthalen ass. Bei LALUX deckt dës Garantie Schied u Miwwelen an um Gebai am Fall vun Déifstall oder versichtem Déifstall of, egal ob et sech ëm Abroch, heemlecht Andréngen, Iwwerfall oder Bedruch handelt. Si deckt och Schied of, déi bei dësen Evenementer um Gebai entstinn.
    • Versuergt Rechnungen, Fotoen oder Echtheetscertificate vun Äre Wäertgéigestänn: Si erliichteren Är Indemnisatioun, wann et zu engem Schued komme sollt. Fir dës Demarche ze vereinfache kann d’App „Police Luxembourg” nëtzlech sinn, fir dës Dokumenter ze zentraliséieren a se séier un d’Police iwwermëttelen ze kënnen.

    Wann Dir méi laang fort sidd: Denkt un d’Aktioun „Vacances tranquilles” (#secherVakanz)

    D’Police proposéiert e gratis Service fir d’Iwwerwaachung vun Ärem Haus wärend Ärer Vakanz. Wann Dir Iech iwwer den E-Kommissariat fir de Service „Départ en vacances” umellt, gëtt Är Wunneng am Dag an an der Nuecht an d’Ronne vun de Preventiounspatrullen opgeholl. Eng gutt Manéier, fir mat engem rouege Gewëssen ze verreesen!

    Denkt och drun, en Noper, deem Dir vertraut, ze informéieren: Hie kann Är Post aus der Boîte huelen, Är Planzen nätzen an Äert Doheem diskreet am A behalen. Eng Bréifboîte, déi iwwerleeft, oder Rolllueden, déi ëmmer zou sinn, kënnen effektiv d’Opmierksamkeet vun Abriecher op sech zéien.

    Wat kann ee WÄREND engem Abroch maachen?

    Wann Dir vun dobausse beim Heemkommen Hiweiser op en Abroch feststellt, da gitt net an Äert Haus oder Är Wunneng eran. Alarméiert direkt d’Police a waart, bis si ukënnt.

    Wann Dir zum Zäitpunkt vum Abroch doheem sidd oder wann Dir Zeie vun enger Effraktioun gitt, da gitt kee Risiko an. Probéiert net d’Abriecher ze konfrontéieren oder eleng anzegräifen: Är Sécherheet geet vir! Sicht Iech eng sécher Plaz a rufft diskreet den 113 un. Wann et méiglech ass, da beobacht d’Situatioun, ouni Iech ze exposéieren, an notéiert all wichteg Informatiounen (Zuel vu Leit, Kleedung, Fluchtrichtung asw.)

    Gutt ze wëssen:

    Mat der gratis App vun der Police kënnt Dir séier an direkt Hëllef froen, zum Beispill iwwer d’Chat-Funktioun, mat där Dir Textnoriichten un den 113 schécke kënnt, wann Dir net kënnt um Telefon schwätzen. 

    Wat kann een NO engem Abroch maachen?

    Paakt näischt un, éier d’Police do ass. D’Police séchert d’Plaz of an dokumentéiert dann d’Spueren an d’Elementer vum Abroch. Suivéiert dës Etappen, fir d’Konsequenze vum Abroch ze limitéieren an Är Indemnisatioun ze vereinfachen:

    1. Maacht eng Plainte: Dir kënnt den Déifstall direkt op der Plaz bei engem Polizist mellen oder iwwer d’E-Kommissariat vun der Police (iwwer MyGuichet). Ären Assureur wäert Iech eng Kopie vun der Plainte froen.
    2. Kontaktéiert Äre LALUX-Agent: Mellt de Schued esou séier ewéi méiglech. Ären Agent hëlleft Iech bei den Demarchen, déi ze ënnerhuele sinn.
    3. Denkt drun, Är Kaarte spären ze loossen: Wa Kaarten oder  sensibel perséinlech Dokumenter geklaut goufen, da kontaktéiert Är Bank an déi betraffe Plazen, fir e Mëssbrauch ze verhënneren. Bei deene meeschte Lëtzebuerger Banken ass et méiglech, Bankkaarten, déi verluer gaange sinn oder geklaut goufen, direkt an der App zäitweileg oder definitiv ze blockéieren.
    4. Fléckt Zougäng, déi opgebrach goufen: Fotograféiert d’Schied, déi verursaacht goufen, a kontaktéiert en agreéierte Prestataire, fir séier an zouverlässeg gehollef ze kréien.

    Heefeg Feeler, déi Dir vermeide sollt, fir Äert Haus oder Är Wunneng besser ze schützen

    • E Schlëssel ënner dem Teppech virun der Dier verstoppen: Dat ass déi éischt Stopp, déi d’Abriecher iwwerpréiwen.
    • Vergiessen zouzespären, éier ee fortgeet: Späert Är Dieren a Fënstere gutt zou
    • Vëloen oder E-Biken net ewechraumen: Benotzt Antivollen oder fixéiert se u schwéieren, onbeweeglechen Objeten, besonnesch a Gemeinschaftskelleren oder -garagen.
    • Seng Vakanzen op Instagram posten: En eidelt Haus ass e liicht Zil.
    • Den Alarm net umaachen: Eng inaktiv Anlag schreckt kee Mënsch of.

    Sécherheetstipps fir Äert Doheem, jee no Ärem Profil 

    • Dir sidd Locataire?
      Aktivéiert all Sécherheetsdispositiffen, déi Dir zur Verfügung hutt (Rolllueden, Alarmanlagen, Schlässer) a mellt all Problem bei Ärem Proprietär.
    • Dir sidd Proprietär a wunnt selwer am Haus oder an der Wunneng?
      Investéiert an nohalteg Ekipementer an denkt drun, en Inventaire vun Äre Wäertgéigestänn opzestellen, fir d’Demarchen am Fall vun engem Schued ze vereinfachen.
    • Dir sidd Proprietär a verlount?
      Bitt Äre Locatairen e séchert Haus bzw. eng sécher Wunneng an encouragéiert se, sech déi richteg Reflexer fir d’Preventioun unzëeegnen.

    Déi ideal Versécherungsléisung fir Är spezifesch Situatioun fannen

    Mir bei LALUX wëssen, datt all Situatioun eenzegaarteg ass. Dofir passt sech eis Versécherungsléisung easyPROTECT Haus a Wunneng un all Profil un.

    Wéi eng Assurance fir Haus a Wunneng ass déi bescht fir Äert Doheem?
    Entdeckt all eis Versécherungsformele fir Haus a Wunneng a sicht déi eraus, déi am beschte bei Är Besoinen an Äre Liewensstil passt.

     

    Gutt ze wëssen:

    Dir besëtzt wäertvoll Bijouen, Konschtwierker oder aner Luxusartikelen?
    Da schützt se effikass géint Déifstall a Schied mat eisem optionale Package Wäertgéigestänn.

     

    Dat Wichtegst, fir Abréch bei Iech doheem ze verhënneren

    Déifstallpreventioun ass eng Kombinatioun aus Virsiichtsmoossnamen, gëeegenten Ekipementer an enger passender Assurance. Mat deene richtege Reflexer a mat der Expertis vu LALUX schützt Dir Är Wunneng an Är Bienen op eng effikass Manéier a kënnt Äre Kapp a Rou leeën. Waart net, bis eppes geschitt ass, éier Dir aktiv gitt: D’Sécherheet vun Ärem Doheem fänkt haut schonn un.

    easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken