Sech zu Lëtzebuerg ze installéieren oder hei ze schaffen, dat bedeit och, sech mat engem anere Gesondheetssystem auserneenzesetzen. Lëtzebuerg an Däitschland si wuel Nopeschlänner, hir Approchen am Gesondheetsberäich kënnen awer iwwerraschen, besonnesch wann et ëm Remboursementer, Assurancen oder administrativ Demarchë geet. Mat dësem Guide hëllefe mir Iech, Iech erëmzefannen: Egal ob Dir Resident, Frontalier oder einfach nëmme virwëlzeg sidd, entdeckt alles, wat ee wësse muss, fir am Gesondheetsberäich déi richteg Decisiounen ze treffen.
Lëtzebuerg: e breede staatleche Versécherungsschutz, deen awer heiansdo Lächer opweist
Zu Lëtzebuerg gëtt d’Krankeversécherung vun der Gesondheetskeess (CNS) geréiert, déi allen Affiliéierten en universale Krankeversécherungsschutz bitt. D’Remboursementer hänke vun de jeeweilege Behandlungen of a variéieren allgemeng tëschent 80 % an 100 %. Ee vun den Haaptvirdeeler vum lëtzebuergesche System ass de fräien Zougang zu der Gesondheetsversuergung: Et brauch een net fir d’éischt bei e Generalist ze goen, éier een e Spezialist consultéiert, an dat garantéiert e séieren an direkten Zougang. De Fonctionnement ass einfach: Dir streckt d’Käschte vir an da schéckt Dir der CNS d’Rechnungen, fir rembourséiert ze ginn.
Bei Behandlungen am Ausland, besonnesch fir Frontalieren, déi an Däitschland liewen, kënnen d’Käschten, jee no de bilateralen Accorden, entweeder vun der CNS oder vun der lokaler däitscher Krankekeess rembourséiert ginn. Mee och wann Dir Iech an Däitschland behandele loosst, ginn d’Remboursementer op Basis vun de lëtzebuergesche Barèmë berechent, an dat kann zu Differenze bei der Prise en charge féieren.
Fir dës Differenzen ofzedecken an Äre Versécherungsschutz ze stäerken, ka sech eng Zousazgesondheetsversécherung vun DKV Luxembourg als duerchaus nëtzlech erweisen. Si erlaabt et, Käschten, déi net vun der CNS iwwerholl ginn, ofzedecken, besonnesch am Beräich vun den Aen, den Zänn oder am Fall vun enger Hospitalisatioun.
Däitschland: en zolitten awer encadréierte Versécherungsschutz
Däitschland baséiert op engem obligatoresche Versécherungssystem, dee follgendermoossen opgedeelt ass:
- d’gesetzlech Krankeversécherung (GKV, gesetzliche Krankenversicherung): Si gëtt iwwer d’Bäiträg op de Salairë finanzéiert.
- d’privat Krankeversécherung (PKV, private Krankenversicherung): Si ass dacks Persoune mat héijem Akommes oder Independantë virbehalen.
An Däitschland ass déi grouss Majoritéit vun de Versécherte bei der gesetzlecher Krankeversécherung (GKV), dem obligatoresche staatleche Krankeversécherungssystem, affiliéiert. Dëse System, dee fir seng Zouverlässegkeet bekannt ass, deckt e groussen Deel vun den medezinsche Käschten of, schreift awer a Bezuch op den Zougang verschidde Reegele vir, besonnesch fir d’Consultatioun vun engem Spezialist: A ville Fäll muss ee fir d’éischt bei e Generalist goen, fir da vun deem iwwerwisen ze ginn.
D’Gestioun vun der Gesondheetsversuergung an Däitschland ass einfach: Dir braucht nëmmen Är Verséchertekaart virzeleeën an dann iwwerhëlt Är ëffentlech Keess (GKV) d’medezinesch Käschten automatesch direkt. Selwer droe musst Dir nëmmen e puer Supplementen (z. B. Plombéiere vun Zänn) an den duerchschnëttleche Remboursementstaux läit bei ëm déi 70 %.
Fir méi Flexibilitéit gëtt et eng aner Optioun: de Kostenerstatterprinzip (KEP). Bei dëser Remboursementsmanéier streckt Dir d’Käschte vir a frot duerno de Remboursement bei Ärer Krankeversécherung un. De Virdeel: e besseren Zougang zu Spezialisten a méi séier Rendez-vousen. Den Nodeel: D’Doktere wenden dacks méi héich Tariffer un an d’GKV rembourséiert an der Reegel net méi ewéi 25 % vun dëse Käschten.
Gutt ze wëssen:
D’DKV-Kontrakter decken déi verbleiwend 75 % net systematesch of, wann déi verrechent Tariffer iwwer déi normal Tariffer fir déi selwecht Behandlung zu Lëtzebuerg erausginn.
ASPEKT | DÄITSCHLAND | LËTZEBUERG |
---|---|---|
Tiers payant | Tiers payant wäit verbreet, besonnesch fir geleefeg Behandlungen | Dir streckt all d’Käschte vir, ausser am Fall vum PID (Paiement immédiat direct) |
Basisremboursement | Ongeféier 70 % iwwert d’GKV, jee no Leeschtung | Am Duerchschnëtt 80 % bis 100 % vun der CNS |
Remboursement bei Kanner | Gutt Ofdeckung, an der Reegel iwwerhëlt d’Krankekeess d’Käschte fir Hospitalisatiounen oder Consultatiounen zu 100 %. | 100 % vun der CNS fir Hospitalisatiounen a Consultatiounen |
Behandlunge fir Aen / Zänn | Ganz niddreg iwwer d’GKV rembourséiert Dacks duerch eng Zousazgesondheetsversécherung ofgedeckt | Och niddreg rembourséiert |
Hospitalisatioun | Dacks gëtt et eng Participatioun, et kann awer sinn, datt verschidde Leeschtunge muss vum Patient gedroe ginn. | Änleche Prinzip: D’Krankekeess iwwerhëlt de gréissten Deel vun de Käschten, et kann awer och e perséinleche Bäitrag gefrot ginn. |
Remboursementsdelaien | An der Reegel séiere Remboursement (e puer Deeg bis 1 Woch iwwer d’GKV) | Am Duerchschnëtt sinn d’Delaie méi laang ewéi an Däitschland |
Zu Lëtzebuerg schaffen, an Däitschland wunnen: Wéi funktionéiert Äre Versécherungsschutz?
Dir sidd en däitsche Frontalier a schafft zu Lëtzebuerg? Egal ob Dir Salarié oder Independant sidd, Dir sidd obligatoresch bei der Lëtzebuerger Sozialversécherung affiliéiert, genee gesot beim Centre Commun de la Sécurité Sociale (CCSS). Dës Affiliatioun deckt vill Risiken of: Krankheet, Schwangerschaft, Aarbechtsaccidenter, Invaliditéit, Fleegebedürftegkeet, Alter asw.
- Dir sidd Salarié: Ären Employeur këmmert sech automatesch ëm Är Affiliatioun.
- Dir sidd Independant: Dir musst Iech selwer ëm d’Affiliatiounsdemarche këmmeren (direkt iwwer de Site vum CCSS).
Soubal Dir affiliéiert sidd, kritt Dir automatesch de Formulaire S1 vun der CNS geschéckt (och „Attestation de droits” bzw. „Eintragung zwecks Inanspruchnahme des Krankenversicherungsschutzes“ genannt), e wichtegt Dokument fir all Frontalieren, déi an Däitschland wunnen. Mat dësem Formulaire kënnt Dir Iech bei der gesetzlecher däitscher Krankekeess (GKV) vun Ärem Choix umellen. Soubal Är Umeldung validéiert ass, hutt Dir an Däitschland Usproch op medezinesch Versuergung, grad ewéi wann Dir lokal verséchert wiert, obwuel d’Käschte vun der Lëtzebuerger CNS iwwerholl ginn.
A wéi gesäit et mat der Zousazgesondheetsversécherung zu Lëtzebuerg aus?
Och wann d’CNS e breede Versécherungsschutz bitt, bleiwe verschidde Leeschtungen zu Laaschte vum Versécherten, besonnesch bei Behandlungen un den Zänn, un den Aen oder bei Spezialbehandlungen. An hei ass eng Zousazgesondheetsversécherung e wichtegen Hiewel, fir béis finanziell Iwwerraschungen ze vermeiden.
D’Zousazgesondheetsversécherung EASY HEALTH vun DKV Luxembourg riicht sech genee un déi Verséchert, déi d’Lächer vum CNS-Basisregime opfëlle wëllen. Si erméiglecht ënner anerem:
- e Remboursement vu bis zu 100 % vun den tatsächleche Käschte fir verschidde Behandlungen
- d’Iwwerhuele vu spezifesche Käschten am Optik- oder Zänn-Beräich oder bei enger Hospitalisatioun am Eenzelzëmmer
- praktesch Leeschtunge wéi den internationalen Tiers payant, nëtzlech fir Frontalieren
Tipps fir eng gutt Gesondheetsgestioun tëschent Lëtzebuerg an Däitschland
Tëschent zwee verschiddene Gesondheetssystemer ze navigéieren, ka schéi komplizéiert sinn, wann een net gutt informéiert ass. Hei sinn e puer wichteg Praktike fir all Frontalieren, déi an Däitschland wunnen an zu Lëtzebuerg affiliéiert sinn:
- Frot bei der CNS Ären S1-Formulaire un, soubal Dir affiliéiert sidd. Dëse Formulaire ass indispensabel, fir Iech bei enger däitscher Krankekeess (GKV) unzemellen.
- Wielt Är däitsch Keess aus a reecht den S1-Formulaire an, fir an Däitschland medezinesch Leeschtungen an Usproch huelen ze kënnen, wéi wann Dir do verséchert wiert.
- Versuergt Är Rechnungen, Beleeger a Remboursementsdekonte gutt: Si kënne bei spéideren Demarchen nëtzlech sinn, besonnesch am Fall vun engem zousätzleche Remboursement.
- Renseignéiert Iech iwwer déi bilateral Accorden tëschent der CNS an deenen däitsche Keessen, fir Är Uspréch ze optiméieren a béis Iwwerraschungen ze vermeiden.
- Denkt drun, eng passend Zousazgesonddheetsversécherung ofzeschléissen, besonnesch wann Dir reegelméisseg an Däitschland bei den Dokter gitt oder wann Dir an Ärer Famill speziell Besoinen hutt. Entdeckt mat eisem Gesondheetsversécherungsguide, wéi e Versécherungsschutz fir Iech dee beschten ass, an zéckt net, en Agent vum Grupp LALUX ze kontaktéieren, deen Iech gär duerch eis Léisungen am Beräich Gesondheetsversécherung guidéiert.
Wann Dir d’Eegenaarte vun all Gesondheetssystem verstitt an Iech deementspriechend organiséiert, sidd Dir net nëmme méi entspaant, mee gitt och besser rembourséiert!
EASY HEALTH vun DKV Luxembourg
Entdecken