Gesondheetsversécherungen,Expats verëffentlecht den 10.06.2025
D’Ënnerscheeder tëschent dem lëtzebuergeschen an dem franséische Gesondheetssystem: Alles verstoen!
Blog/D’Ënnerscheeder tëschent dem lëtzebuergeschen an dem franséische Gesondheetssystem: Alles verstoen!

Wann ee sech als Fransous zu Lëtzebuerg installéiert oder hei schafft, ass et wichteg, datt een de Fonctionnement vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem gutt versteet. Och wann en op den éischte Bléck dem franséische Modell zimmlech gläicht, ginn et awer gréisser Ënnerscheeder, besonnesch wat de Remboursement vun de Behandlungskäschten ugeet.

  • EASY HEALTH vun DKV Luxembourg

    Entdecken

    An dësem Artikel erkläre mir Iech:

    • de Lëtzebuerger Gesondheetssystem am Iwwerbléck

    • de Remboursement vun de Behandlungskäschten zu Lëtzebuerg 

    • d’Zousazgesondheetsversécherung EASY HEALTH vun DKV Luxembourg 

    • de spezielle Fall vu Frontalieren, déi nach bei der franséischer Sécurité sociale verséchert sinn

    De Lëtzebuerger Gesondheetssystem am Iwwerbléck

    Zu Lëtzebuerg gëtt d’Gesondheet vun der CNS (National Gesondheetskeess) geréiert. Si rembourséiert e groussen Deel vun de Käschten (dacks tëschent 80 % an 100 %), et gëtt awer trotzdeem e groussen Ënnerscheed am Verglach mat Frankräich. Dir musst praktesch ëmmer d’Käschte virstrecken an duerno d’Rechnungen aschécken, fir rembourséiert ze ginn. Zanter e puer Méint huet sech de Lëtzebuerger System awer weiderentwéckelt a bitt elo de Paiement Immédiat Direct (PID) un, deen erlaabt, datt Dir den Undeel vun der Krankeversécherung net méi virstrecke musst. De Gesondheetsdéngschtleeschter kritt de Betrag, deen iwwerholl gëtt, direkt per Virement vun der CNS iwwerwisen. 

    ASPEKT FRANKRÄICH LËTZEBUERG
    Carte Vitale / Tiers payant Dir bezuelt nëmmen en Deel oder näischt Dir streckt all d’Käschte vir, ausser am Fall vum PID (Paiement immédiat direct)
    Basisremboursement ongeféier 70 % vun der Sozialversécherung oder 90 % an der Regioun Alsace Moselle Am Duerchschnëtt 80 % bis 100 % vun der CNS
    Remboursement bei Kanner ongeféier 70 % vun der Sozialversécherung oder 90 % an der Regioun Alsace Moselle 100 % vun der CNS fir Hospitalisatiounen a Consultatiounen
    Teletransmissioun Jo: automatesch iwwer d’Carte vitale Nee: manuellt Aschécken, ausser beim PID
    Behandlunge fir Aen / Zänn Niddreg rembourséiert Och niddreg rembourséiert
    Hospitalisatioun 80 % + Mutuelle recommandéiert Allgemeng iwwerholl, fir de Confort (besonnesch 1. Klass) gëtt awer eng Zousazversécherung recommandéiert
    Remboursementsdelaien 2 bis 3 Deeg Am Duerchschnëtt sinn d’Delaie méi laang ewéi a Frankräich

    De Remboursement vun de Behandlungskäschten zu Lëtzebuerg

    De klassesche Remboursementsparcours gesäit esou aus: 

    1. Dir consultéiert e Gesondheetsdéngschtleeschter. 

    • Entweeder bezuelt Dir de Gesamtbetrag vun der Behandlung

    • oder Äre Gesondheetsdéngschtleeschter benotzt de PID (Paiement immédiat direct) an Dir bezuelt nëmmen dee Betrag, dee vun Iech ze droen ass.

    2. Wann Dir d’Behandlung ganz bezuelt: 

    • kritt Dir eng acquittéiert Rechnung → déi muss als „bezuelt“ markéiert a gestempelt sinn. 

    3. Dir schéckt d’Rechnung un d’CNS:

    • per Post: CNS – Service Remboursements – L-2980 Luxembourg

    • Wann d’Rechnung net direkt beim Dokter bezuelt gouf, schéckt Dir se zesumme mat engem Beweis, datt se bezuelt ass (z.B. dem Avis de Débit vun Ärer Bank), an.

    4. D’CNS rembourséiert Iech per Bankiwwerweisung.  Weider Informatioune fannt Dir op der CNS-Säit. 

    Konkreet Beispiller
    AKT BEZUELTE BETRAG REMBOURSEMENT CNS BETRAG, DEE VUN IECH ZE DROEN ASS
    Consultatioun Generalist 70 € 53,68 € 16,32 €
    Spezialist 100 € 76,65 € 23,35 €
    10 Kinésseancen 354,20 € 247,94 € 106,26 €
    Kroun 1.000 € 326,50 € 673,50 €
    Implantat 1.000 € 0 € 1.000 €
    Brëll 600 € 90 € 510 €
    Laseroperatioun un den Aen 3.000 € 0 € 3.000 €
    Médicaments prescrits 30 € 24 € 6 €

    An d’Zousazgesondheetsversécherung EASY HEALTH vun DKV Luxembourg?

    Och wann de Lëtzebuerger Gesondheetssystem komplett ass, gi verschidde Leeschtungen (Aen, Zänn, psychologesche Beräich, alternativ Medezin ...) wéineg oder guer net vun der CNS rembourséiert. An dësem Fall erweist sech eng EASY HEALTH Zousazgesondheetsversécherung vun DKV Luxembourg als ganz nëtzlech. Si ergänzt d’Remboursementer vun der CNS, andeem si de Reschtbetrag ganz oder deelweis iwwerhëlt. Si deckt deemno d’Behandlungen deelweis of, déi vun der CNS net rembourséiert ginn. Fir Residenten, déi bei der CNS affiliéiert sinn, funktionéiert DKV Luxembourg ewéi eng klassesch franséisch Mutuelle, ouni Verbindung zu der franséischer CPAM.

    Wann Äre Gesondheetsdéngschtleeschter de PID benotzt, dann denkt drun, fir d’Remboursementer vun Ärer Zousazversécherung DKV Luxembourg dëse Guide ze suivéieren. 

    Komme mer op eis Beispiller zeréck:
    AKT BEZUELTE BETRAG REMBOURSEMENT CNS REMBOURSEMENT DKV BETRAG, DEEN NOM DKV-REMBOURSEMENT VUN IECH ZE DROEN ASS
    Consultation généraliste 70 € 53,68 € (88 %) 16,32 € 0€
    Spécialiste 100 € 80 € (80 %) 20 € 0 €
    10 séances de Kiné 354,20 € 247,94€ 106,26 € 0 €
    Couronne dentaire 1.000 € 326,50€ 600 € 73,50 €
    Implant 1.000 € 0 € 400 € 600 €
    Lunettes 600 € 90 € 500 € 10 €
    Opération laser des yeux 3.000€ 0 € 2.000 € oder 3.000 € no 3 Joer Affiliatioun 0 oder 1.000 €
    Médicaments prescrits 30 € 24 € (80 %) 6 € 0 €

    Wat Dir wësse sollt, éier Dir de Kontrakt ofschléisst:

    Et ginn zwee grouss Ënnerscheeder beim Fonctionnement vun de Gesondheetszousazversécherungen zu Lëtzebuerg an a Frankräich:

    • Fir de Bäitrëtt gëtt e Questionnaire oder eng medezinesch Ënnersichung gefrot. Am Géigesaz zu Frankräich, wou jiddwereen ouni medezinesch Bedéngung enger Mutuelle bäitriede kann, verlaangen déi lëtzebuergesch Assureuren e Gesondheetsquestionnaire (heiansdo e Bilan), éier si en neie Kontrakt unhuelen. Mat dëser Demarche kënnen d’Liewensfäegkeet an d’Stabilitéit vum System séchergestallt an e laangfristegen, stabille Versécherungsschutz garantéiert ginn.

    • D’Cotisatioune riichte sech nom Alter. Zu Lëtzebuerg leeën déi meescht Zousazgesondheetsversécherungen d’Primm dem Alter no fest: Wat Dir méi al sidd, wat Är Primm méi héich ass. Verschidde Kontrakter funktionéieren awer anescht, an dat dank enger sougenannter Altersprovisioun. An dësem Fall bezuelt Dir vun Ufank un eng fix Primm, déi iwwer déi gesamt Lafzäit vun Ärem Kontrakt d’selwecht bleift. Si ass e bësse méi héich, wann Dir jonk sidd, klëmmt dofir awer net mam Alter. Dat rechent sech besonnesch laangfristeg, well Dir vermeit, datt d’Primme staark klammen an engem Alter, wou och d’Gesondheetskäschten an d’Luucht ginn.

    De Fall vun de Frontalieren, déi bei der franséischer CPAM verséchert sinn

    Dir sidd Grenzgänger, bei der franséischer Sozialversécherung (CPAM) affiliéiert, loosst Iech a Frankräichmedezinesch behandelen an hutt eng EASY HEALTH Zousazgesondheetsversécherung vun DKV Luxembourg? An dësem Fall funktionéiert de System anescht:

    Wann d’Teletransmissioun tëschent der CPAM an DKV Luxembourg net aktivéiert ass

    Da musst Dir d’Demarchë selwer geréieren:

    • Behandlungen, déi vun der Sozialversécherung rembourséiert ginn: Schéckt de Remboursementsrelevé vun der CPAM (Dir fannt deen als Download um Site ameli.fr un DKV Luxembourg)

    • Behandlungen, déi net rembourséiert ginn (psychologesche Beräich, alternativ Medezin asw.): Schéckt déi acquittéiert Rechnung direkt un DKV Luxembourg

    Wann d’Teletransmissioun aktivéiert ass 

    Soubal d’Verbindung tëschent der CPAM an DKV Luxembourg aktivéiert ass:

    • Behandlungen, déi vun der CPAM rembourséiert ginn: Hei ass näischt ze maachen, d’CPAM iwwermëttelt automatesch alles un DKV Luxembourg

    • Behandlungen, déi net rembourséiert ginn: Hei musst Dir ëmmer d’Rechnung un DKV Luxembourg iwwermëttelen 

    • Tiers payant: bei verschiddenen Déngschtleeschter méiglech (Apdikten, Kinéen, Radiologie, Zänndokteren asw.)

    Am Resümmee

    Tëschent dem lëtzebuergeschen an dem franséische Gesondheetssystem ze navigéieren, kann am Ufank komplex erschéngen, besonnesch, wann ee sech an engem neie Land installéiert. Obwuel d’CNS eng zolidd Basiscouverture bitt, si verschidde Käschten, besonnesch an de Beräicher Aen, Zänn, Psychologie oder alternativ Medezin, trotzdeem vun Iech ze droen.

    Dofir kann den Ofschloss vun enger Gesondheetszousazversécherung ewéi EASY HEALTH de DKV Luxembourg e richtegen Atout sinn, egal ob Dir zu Lëtzebuerg wunnt oder als Frontalier bei der franséischer CPAM affiliéiert sidd.

    Si ergänzt d’Remboursementer op eng effikass Manéier an iwwer d’Altersprovisioun kënnt Dir Är Cotisatiounen am Laf vun der Zäit stabiliséieren.

    E gudde Reflex, fir als Frontalier entspaant liewen ze kënnen.

    EASY HEALTH vun DKV Luxembourg

    Entdecken