An eise Regioune kënnt et ëmmer méi dacks zu extreme Wiederphenomeener, déi zolitte Schued verursaache kënnen: Stierm, staarke Reen, Donnerwiederen oder Knëppelsteng. E futtissen Daach, en zerstéierten Auto oder en iwwerschwemmte Keller ... d’Konsequenze schloen dacks an d’Geld a kënnen eng richteg Gefor duerstellen. Wann Dir gëeegent Preventiounsmoossnamen ergräift an Iech virun, wärend an no dësen Evenementer ëmsiichteg verhaalt, kënnt Dir Äre Besëtz schützen an d’Risiken däitlech reduzéieren.
Zu Lëtzebuerg sinn Donnerwiederen a Knëppelsteng schonn en Theema. Evenementer aus de leschten zwanzeg Joer weisen dat däitlech: Wiederfronten, déi sech séier opbauen, bréngen dacks vill Wand, staarke Reen, Blëtz a Knëppelsteng mat sech. Esou huet de Stuerm „Bernd” am Juli 2021 schlëmm Iwwerschwemmungen a ville Regiounen, besonnesch am Gronn an der Stad, zu Miersch, Iechternach a Clierf verursaacht, a vill Stroossen a Kelleren ënner Waasser gesat. 2019 ass en Tornado duerch Péiteng an Nidderkäerjeng gezunn an huet iwwer 100 Wunnenge beschiedegt. Säit 2018 hunn an der Dikrecher Géigend kräfteg Stierm mat Knëppelsteng fir vill Schued gesuergt.Dës Beispiller ënnersträichen, wéi imprevisibel extreem Wiederphenomeener zu Lëtzebuerg sinn, a wéi eng staark Zerstéierungskraaft si kënnen hunn.
Virum schlechte Wieder: déi wichtegst Etappen
Extreem Wiederphenomeener kënne beträchtlech Schied u Gebaier, Gefierer an Infrastrukture verursaachen. Och wann de Staat an d’Krisepreventioun a -gestioun investéiert, de Schutz vun Ärem Haus, Äre Gefierer an Ärer Famill läit haaptsächlech an Ärer Verantwortung. Et gëtt deemno staark geroden, sech matzäite virzebereeden.
Preventioun am Wunnengsberäich
Kontrolléiert reegelméisseg Ären Daach, Är Fassad an Är Fënsteren, fir eventuell Schwaachstellen ze entdecken, a gräift wann néideg op resistent Material zeréck. Schützt och Är Solaranlagen. Evitéiert, elektresch Apparater oder Heizungsanlagen am Keller ze installéieren, a benotzt waasserdicht Material, fir de Schued am Fall vun enger Iwwerschwemmung a Grenzen ze halen.
Schutz géint staarke Reen a Réckstau
Fir e Réckstau aus dem Ofwaassernetz ze vermeiden, installéiert Anti-Réckstauventiller, dicht Kellerfënsteren, performant Pompelen an en optiméierten Evakuatiounssystem. Weider Tipps fannt Dir an eisem Artikel „Iwwerschwemmungsschutz: wat maache bei staarkem Reen“.
Alerten an Informatiounen:
- LU-Alert SMS: Dir kritt automatesch Alerte fir Är Regioun per SMS geschéckt, ouni datt Dir Iech aschreiwe musst
- MeteoLux: Informéiert Iech iwwer d’Meteo an d’Wiederwarnungen um Internetsite oder abonéiert Iech, fir Meteo-Previsiounen per E-Mail geschéckt ze kréien
- LU-Alert: Installéiert d’App op Ärem Telefon (Apple App Store / Google Play Store), fir am Viraus Warnmeldungen ze kréien
- InfoCrise: Consultéiert InfoCrise, fir Iech iwwer d’Noutfällpläng vum Lëtzebuerger Staat ze informéieren
- Inondation.lu: Verfollegt d’Peegelstänn vun de Flëss an d’Héichwaasserrisiken zu Lëtzebuerg an Echtzäit
Den Noutfall-Kit
Zu engem komplette Kit gehéieren: Éischt-Hëllef-Trousse, Täscheluucht, extern Batterie, Waasser, Käerzen, Sandsäck a Schutzbox fir Dokumenter. Eng vollstänneg Lëscht fannt Dir um Site InfoCrise vun der Lëtzebuerger Regierung.
Assurancen a staatlech Ënnerstëtzung
Iwwerpréift fir d’éischt emol Är Versécherungskontrakter, fir sécherzestellen, datt Schied a Verbindung mat Stierm, Knëppelsteng a staarkem Reen iwwerholl ginn. Mat easyPROTECT Haus a Wunneng sidd Dir géint dës Risike verséchert. Fir e verstäerkte Schutz kënnt Dir Äre Kontrakt mam Package Amenagementer dobaussen erweideren, deen, ënner anerem, Schied u Gaardemiwwelen, beschiedegt Planzen an d’Instandsetzung vun ënnerierdesche Leitungen no engem Schued iwwerhëlt. Dir hutt och d’Méiglechkeet, de Package Erneierbar Energien derbäizesetzen, deen Är Installatioune wéi Solarpannoen, Wäermepompelen oder Wandrieder ofdeckt an Iech esou erlaabt, Är Investissementer ofzesécheren.
Iwwerpréift och, ob an Ärer Autosversécherung Schied duerch Knëppelsteng ofgedeckt sinn. Déi meescht Formullen an der Gamm easyPROTECT Auto ëmfaassen eng Ofsécherung géint Naturgewalten. Fir sécher ze sinn, datt dat bei Iech de Fall ass, kontaktéiert wgl. Äre LALUX-Agent.
Och de Staat bitt Ënnerstëtzung, besonnesch bei der Preventioun vun Iwwerschwemmungen, fir Privatpersounen an Entreprisen ze hëllefen, hir Gebaier an Terrainen ofzesécheren. Weider Informatioune fannt Dir an eisem Artikel „Iwwerschwemmungsschutz: wat maache bei staarkem Reen“.
Mat fréizäitege Moossname kënnt Dir d’Schied däitlech reduzéieren an d’Sécherheet vun Ärer Famill garantéieren. Notzt déi verfügbar Informatiounen, séchert Äert Haus an iwwerpréift reegelméisseg Är Virsiichtsmoossnamen.
Wärend dem Stuerm: Wéi verhält ee sech richteg?
- Dobanne bleiwen
- Bëscher, fräi, oppe Flächen a Gewässer vermeiden
- Fënsteren, Dieren a Rolllueden zoumaachen, fir d’Schied ze begrenzen
- Elektresch Apparater ausschalten, wann d’Gefor besteet, datt de Blëtz aschléit
- Wäertgéigestänn op den ieweschte Stäck a Sécherheet bréngen, wann Héichwaassergefor besteet
- Iwwerloosst den 112 deene richtegen Noutfäll, fir datt d’Hëllefsdéngschter séier op d’Plaz komme kënnen
Ënnerlage fir Är Assurance
Mellt Ärer Assurance séier Är Schied a leet all Dokumenter derbäi, déi fir e kompletten Dossier gebraucht ginn. Dozou gehéiere besonnesch Facturen oder Kafbeleeger vun deene beschiedegten Objeten an detailléiert Inventairë vun Äre Miwwelen, Geräter an Ekipementer. Fotoen oder Videoe liwweren e prezise visuelle Beweis, a vereinfachen d’Evaluatioun.
Versuergt och d’Beleeger vun allen Noutfallmoossnamen oder provisoresche Reparaturen: Facturen oder Quittunge fir de Kaf vu Baatschen, Pompelen oder aneren Ekipementer, déi Dir nom Virfall kaf hutt, wa si benotzt goufen, fir Schied ze reduzéieren, Interventioune vu Fachleit fir direkt Reparaturen, genee ewéi hir Devisen, Ofrechnungen oder Rapporten. Leet och, wa méiglech, d’Rapporte vun den Noutfalldéngschter dobäi. Gitt wgl. Uecht, de beschiedegte Beräich esou mann ewéi méiglech ze veränneren, éier den Expert laanschtkomm ass, fir eng objektiv Evaluatioun ze erméiglechen.
Duerch e virsiichtegt Verhalen, eng vollstänneg Dokumentatioun an d’Interventioun vu Fachleit kënnen d’Schied a Grenze gehalen an Är eventuell Entschiedegunge geséchert ginn.
E Schrëtt a Richtung méi Sécherheet
Extreem Wiederphenomeener kommen ëmmer méi dacks fir. Mat enger intelligenter Kombinatioun vu Versécherungsschutz a Preventiounsmoossname kënnt Dir Äert Haus an Är Famill effikass schützen. Mat all Moossnam, déi Dir haut ergräift – vun der Dokumentatioun vun Ärem Besëtz bis zur Installatioun vun Antiréckstauventiller – gewannt Dir Zäit a Geld a kënnt am Fall vun enger Kris méi entspaant sinn.
Fir all Froen iwwer individuell Schutzmoossnamen oder déi optimal Assurance, kontaktéiert wgl. Äre LALUX-Agent, deen Iech op eng personaliséiert a kompetent Manéier begleet.
easyPROTECT Haus a Wunneng
Entdecken