Mat Home Assistance sidd Dir ëmmer op der sécherer Säit an engem Noutfall un ärem Haus: ob Waasser leeft, defekt Schleisen oder Schued – kënne mir Iech 24/7 hëllefen. Dëse séieren an zouverléissege Service ass iwwer easyAPP zougänglech fir datt Dir an alle Situatioune roueg bleift.
Äre Schlëssel ass am Schlass ofgebrach, Är Toilette leeft iwwer, Är Wäschmaschinn huet eng Fuite…
Dank der Optioun Home Assistance vun easyPROTECT Habitation musst Dir Iech keng Suerge méi iwwer onangeneem Noutfäll bei Iech doheem maachen.
Dëse Service ass 24/7 verfügbar an einfach iwwer Är easyAPP ze erreechen.
Hien organiséiert d'Interventioun vun engem qualifizéierten Techniker fir Äre Problem esou séier wéi méiglech ze léisen.
Är Versécherung iwwerhëlt d'Käschte vun der Interventioun a bedeelegt sech och un de Käschte vun den Ersatzstécker.
D'Home Assistance spillt och no engem versécherte Schued, zum Beispill fir Är Kanner ze betreien oder Äert Haus ze iwwerwaachen.
A wann Äert beschiedegt Haus net méi bewunnbar ass, kritt Dir och Ënnerstëtzung beim Relogement.
Bleift roueg. LALUX mécht Iech d'Liewe méi einfach.
Home Assistance
EntdeckenFannt Är ideal Hausversécherung!
Elo simuléieren